
Vermëttlung vu gebrauchte Géigenstänn
Op BENU REUSE kanns Du schnell an einfach gebrauchte Géigenstänn sichen a bestellen. Saachen, déi s du net méi brauchs, kanns Du ubidden an un Interesséierter weiderginn. Ob als Privatpersoun, ëffentlech Organisatioun oder kommerzielle Betrib:

Schutz vun der Ëmwelt a vu Ressourcen
Oft kënne gebrauchte Materialien an alldeeglech Objete nach weider benotzt ginn. Dëst spuert Rostoffer, Energie, Emissiounen an Offall. Manner Nei-Produktioun, manner ressourcenintensive Recycling a manner Deponieplaze gi gebraucht. Hei gëss Du méi gewuer.

Vill Infoen a Tuyauen
Op wat soll ech oppasse wann ech Saache weiderbenotzen? U wat soll ech denken, wann ech Saachen nei kafen? BENU REUSE gëtt Tuyaue zum Thema REUSE an nohaltegen Konsum. Heifir wäerten mir aktuell Informatiounen iwwer Kreeslafwirtschaft an Weiderbenotzung aus.

Vill Partner maache mat
Wien kann ech kontaktéieren wann ech gebrauchte Géigestänn sichen, flécke loossen oder spende wëll? BENU REUSE ass just eng vu ville Strukturen zu Lëtzebuerg, déi aktiv am Beräich vun der Weiderbenotzung sinn. Duerfir regruppéieren an dokumentéiere mir d'Organisatiounen an d'Betriber, déi s Du kontaktéiere kanns.

Dat Wichtegst op e Bléck
- Gebraucht Géigestänn gi gratis weider verschenkt.
- BENU REUSE këmmert sech ëm den Transport vun de vermëttelten Objeten.
- Als EmpfängerIn bezills Du d'Liwwerkäschten fir den Transport.
- Net alles, awer vill Saache gi iwwer BENU REUSE vermëttelt.
- UbidderIn an EmpfängerIn bleiwen anonym, mee kënnen awer Froen stellen.

D'Kategorien
Bei BENU REUSE gi benotzt Saachen a verschiddene Kategorië verkaaft. Egal ob fir ze bauen, fir Haushalt, Gaart oder fir Erhuelung, bal alles ass mat abegraff. Looss dech iwwerraschen!
E Bléck op all d'Kategorien-
-
Handwierker, DIY
Ech wëll méi wëssen -
Kichen
Ech wëll méi wëssen -
Miwwelen
Ech wëll méi wëssen -
Elektresch Apparater
Ech wëll méi wëssen -
Audio, Video, Multimedia
Ech wëll méi wëssen -
Dekoratioun
Ech wëll méi wëssen
Sichs du oder wëlls du en Element spenden? Zéck net eng Annonce ze posten.
Nei bei BENU REUSE
Dëst sinn déi lescht Annoncen fir een Don an Ukënnegungen. All nei Annoncen fir een Don si mam 48h an den éischten 48 Stonne markéiert.
Iwwerbléck vun all den Objeten
BENU REUSE Kritären
Net all, awer ganz vill, gebrauchte Saache kënne weiderginn oder iwwer BENU REUSE gesicht ginn. Hei kanns du erausfanne wéi eng Saache weidergi ginn a wéi eng aus der Vermëttlung ausgeschloss sinn.
Ech wëll méi wëssen
REUSE Service
Vill maache mat! Hei fënns du Organisatiounen, Initiativen a Firmen déi eng grouss Varietéit u gebrauchte Saachen akzeptéieren, weiderginn, reparéieren oder vermëttelen. Looss dech iwwerraschen!
Ech wëll méi wëssen