Iwwer BENU REUSE
Déi wichtegst Informatiounen iwwer BENU REUSE
Mat BENU REUSE kanns Du einfach a bequeem vun doheem aus no Saache sichen an dës och bestellen. Du kanns Saachen ubidden, déi s Du selwer net méi brauchs, a se un intresséiert Leit weiderginn. Egal ob als Privatpersoun, als Salarié:e vun enger ëffentlecher Organisatioun oder als kommerziell Entreprise zu Lëtzebuerg: Du bass häerzlech invitéiert, bei BENU REUSE matzemaachen!
Looss eis zesumme weider gebrauchen an eisen Offall reduzéieren!
Andeems ee systematesch op gebrauchte Materialien an alldeeglech Objeten zeréckgräift, spuert een net just Rohstoffer, mee och Energie, Emissiounen an Offall. Automatesch gëtt esou och manner nei produzéiert, et gëtt manner ressourcenintensiv recycelt an et gi manner Dreckstippe gebraucht. Benotzte Saachen, déi nach ëmmer an engem gudden Zoustand a propper, vollstänneg a funktionell sinn, kënne mat BENU REUSE vermëttelt ginn. Verschidde Saachen - ewéi zum Beispill Apparater, déi musse gefléckt ginn oder Material, wat mat schiedleche Substanze kontaminéiert ass - kennen awer leider net ugeholl ginn. Hei kanns Du méi iwwer d'Krittäre fir eng Vermëttlung iwwer BENU REUSE gewuer ginn.
Iwwer BENU REUSE kritt een d'Objete gratis - wat bei konventionellen a kommerzielle Plattformen net de Fall ass. Eis BENU REUSE Ekipp kënnt déi ugebuede Saache sichen a liwwert se direkt un déi intresséiert Persoun. Dës bezilt Liwwerkäschten, déi en Deel vun eise Käschte fir d'Logistik an den Transport ofdecken. Student:innen an ASBLen kréien eng Remise op d'Liwwerkäschten. Eis Äntwerten op déi am meeschte gestallte Froen erklären Dir, wéi d'Sichen, d'Bestellen an d'Ubidden iwwer BENU REUSE funktionéiert.
Mat BENU REUSE wëlle mir fir d'Offallreduktioun, fir de weidere Gebrauch vu benotzte Saachen a fir méi een nohaltege Konsum sensibiliséieren. Mir hoffen, dass Du Dech weider informéiers, kreativ gëss an Deng Wäertschätzung fir dat, wat s Du schonn hues, erëmfënns. BENU REUSE ass just eng vu ville Strukturen zu Lëtzebuerg, déi am Beräich vum "Reuse" aktiv sinn. Beim REUSE Service kanns Du erausfannen, wou gebrauchte Saachen zu Lëtzebuerg akzeptéiert, gefléck oder weidergi ginn.
BENU REUSE ass e Pilotprojet, deen nach a senger Testphas ass an dee kontinuéierlech weider entwéckelt gëtt - zum Beispill andeems aktuell Informatiounen iwwer d'Kreeslafwirtschaft an de weidere Gebrauch vu Géigestänn evaluéiert ginn. Du bass häerzlech invitéiert, matzemaachen - sief et als Deel vum REUSE Service oder mat Dengem Fachwëssen. Wann s Du also fundéiert Informatiounen oder déifgrënnegt Wëssen zu aktuellen Etüden hues - zum Beispill iwwer Nohaltegkeetskrittären - da maach mat, a gëff en aktive Member vun der BENU REUSE Gemeinschaft! Kontaktéier eis hei, fir dass mir zesummen driwwer diskutéiere kënnen, wéi Deng Erfarungen am beschten an de Projet BENU REUSE afléisse kennen.
Du wëlls méi iwwer BENU REUSE wëssen?

BENU REUSE Kritären
Net all, awer ganz vill, gebrauchte Saache kënne weiderginn oder iwwer BENU REUSE gesicht ginn. Hei kanns du erausfanne wéi eng Saache weidergi ginn a wéi eng aus der Vermëttlung ausgeschloss sinn.
Ech wëll méi wëssen
REUSE Service
Vill maache mat! Hei fënns du Organisatiounen, Initiativen a Firmen déi eng grouss Varietéit u gebrauchte Saachen akzeptéieren, weiderginn, reparéieren oder vermëttelen. Looss dech iwwerraschen!
Ech wëll méi wëssen