Entdeck d'Welt vu BENU

Entdeck d'Welt vu BENU

BENU VILLAGE ESCH ASBL

BENU VILLAGE ESCH ASBL

Dat éischt Ekoduerf an der Groussregioun, dat all d'BENU Aktivitéite (Restaurant, Buttek, Konscht) regruppéiert. Mir organiséiere participativ, kreativ a pedagogesch Aktivitéite ronderëm Theeme vun der sozial-ekologescher Kreeslafwirtschaft. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Dat éischt Ekoduerf an der Groussregioun, dat all d'BENU Aktivitéite (Restaurant, Buttek, Konscht) regruppéiert. Mir organiséiere participativ, kreativ a pedagogesch Aktivitéite ronderëm Theeme vun der sozial-ekologescher Kreeslafwirtschaft. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU VILLAGE SIS

BENU VILLAGE SIS

Eng Gesellschaft mat beschränkter Verantwortung, déi de Prinzippie vun der Sozial- a Solidarwirtschaft entsprécht. BENU Village SIS representéiert BENU um private Marché an encouragéiert privat Patrone/onnë sozial-ekologesch Aspekter an hire Betriber ëmzesetzen. Eng nei Internetsäit wäert am Hierscht 2022 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Eng Gesellschaft mat beschränkter Verantwortung, déi de Prinzippie vun der Sozial- a Solidarwirtschaft entsprécht. BENU Village SIS representéiert BENU um private Marché an encouragéiert privat Patrone/onnë sozial-ekologesch Aspekter an hire Betriber ëmzesetzen. Eng nei Internetsäit wäert am Hierscht 2022 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU SLOOW

BENU SLOOW

Well Ernärung a Liewensmëttelverschwendung Theeme sinn, déi eis um Häerze leien, hu mir BENU SLOOW gegrënnt. Den éischte "Rescued Food" Restaurant an der Groussregioun, bitt eng Bio-Kichen un, originell a virun allem nohalteg! Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Hierscht 2022 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Well Ernärung a Liewensmëttelverschwendung Theeme sinn, déi eis um Häerze leien, hu mir BENU SLOOW gegrënnt. Den éischte "Rescued Food" Restaurant an der Groussregioun, bitt eng Bio-Kichen un, originell a virun allem nohalteg! Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Hierscht 2022 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU COUTURE

BENU COUTURE

Dëst ass den éischten UpCycling-Schneideratelier zu Lëtzebuerg! Mir bidden eenzegaarteg Stécker un, déi zu Lëtzebuerg aus alem Gezei entworf a produzéiert ginn. BENU COUTURE, dat si lëschteg, faarweg an uspriechend Kleedungsstécker fir Kanner an Erwuessener vun XS bis 5XL. Du kanns Deng Kleeder och no Dengen eegenen Iddie modifizéieren!
Dëst ass den éischten UpCycling-Schneideratelier zu Lëtzebuerg! Mir bidden eenzegaarteg Stécker un, déi zu Lëtzebuerg aus alem Gezei entworf a produzéiert ginn. BENU COUTURE, dat si lëschteg, faarweg an uspriechend Kleedungsstécker fir Kanner an Erwuessener vun XS bis 5XL. Du kanns Deng Kleeder och no Dengen eegenen Iddie modifizéieren!

BENU REUSE

BENU REUSE

Du wëlls gebrauchte Miwwelen oder Géigestänn verschenken? Du sichs e bestëmmten Objet? Entdeck déi nei Plattform BENU REUSE, déi d'Spende vu gebrauchte Miwwelen a Géigestänn a Lëtzebuerg vereinfacht. D'BENU REUSE Ekipp këmmert sech ëm alles! Mir kommen Deng gebrauchte Saache gratis sichen an transportéiere se bei hir nei Besëtzer:innen. Méi dozou hei:
Du wëlls gebrauchte Miwwelen oder Géigestänn verschenken? Du sichs e bestëmmten Objet? Entdeck déi nei Plattform BENU REUSE, déi d'Spende vu gebrauchte Miwwelen a Géigestänn a Lëtzebuerg vereinfacht. D'BENU REUSE Ekipp këmmert sech ëm alles! Mir kommen Deng gebrauchte Saache gratis sichen an transportéiere se bei hir nei Besëtzer:innen. Méi dozou hei:

BENU LaSA

BENU LaSA

Du stells UpCycling-Kreatiounen hier? Du wëlls lokal Kënschtler:inne kenneléieren, déi am Beräich vum UpCycling schaffen? BENU LaSA, am Zentrum vum BENU VILLAGE, ass déi perfekt Plaz fir Deng nohalteg Kreatiounen ze presentéieren, Dech z'inspiréieren an ongewéinlech Kënschtler:innen z'entdecken. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Du stells UpCycling-Kreatiounen hier? Du wëlls lokal Kënschtler:inne kenneléieren, déi am Beräich vum UpCycling schaffen? BENU LaSA, am Zentrum vum BENU VILLAGE, ass déi perfekt Plaz fir Deng nohalteg Kreatiounen ze presentéieren, Dech z'inspiréieren an ongewéinlech Kënschtler:innen z'entdecken. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU FORM

BENU FORM

Well UpCycling net just Kleedung concernéiert, mee wäit doriwwer eraus geet! BENU FORM entwërft a bitt eenzegaarteg Miwwelen un, déi aus ale Miwwele geupcycelt sinn déi soss um Tipp gelant wieren. All d'BENU FORM Kreatioune fënns du am BENU VILLAGE. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Well UpCycling net just Kleedung concernéiert, mee wäit doriwwer eraus geet! BENU FORM entwërft a bitt eenzegaarteg Miwwelen un, déi aus ale Miwwele geupcycelt sinn déi soss um Tipp gelant wieren. All d'BENU FORM Kreatioune fënns du am BENU VILLAGE. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU BREAK

BENU BREAK

Brauchs Du eng Paus fir Dech ze erhuelen, Dir Zäit ze huelen oder Dech z'inspiréieren? Wéi wier et, e puer Deeg bei BENU BREAK ze verbréngen, dat eenzegt Hotelszëmmer am BENU VILLAGE? Eng rätselhaft, frëndlech an eenzegaarteg Plaz, einfach ideal. Eng nei Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Brauchs Du eng Paus fir Dech ze erhuelen, Dir Zäit ze huelen oder Dech z'inspiréieren? Wéi wier et, e puer Deeg bei BENU BREAK ze verbréngen, dat eenzegt Hotelszëmmer am BENU VILLAGE? Eng rätselhaft, frëndlech an eenzegaarteg Plaz, einfach ideal. Eng nei Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

Benotzungsbedéngungen

Dëst sinn eis Gebrauchsbedéngungen

 

Allgemeng Bestëmmungen

Aféierung
D'Adress http://www.benureuse.lu ass eng um Internet disponibel Websäit, déi zu BENU Village Esch asbl gehéiert, mat hirem Sëtz zu 50, Rue des Celtes, L-1318 Lëtzebuerg.

Dës Benotzungsbedéngungen definéieren:

  • d'Konditiounen an d'Modalitéiten no deenen d’Benotzer*innen (Ubidder:innen) Artikele kënnen ubidden; 

  • d'Konditiounen an d'Modalitéiten no deene Benotzer*innen (intresséiert Persounen) Saache sichen, bestellen a kafen.

Eng Klo, egal vu wéi enger Zort, muss vum/vun der Benotzer*in schrëftlech gemellt ginn a kann elektronesch op folgend Adress geschéckt ginn: info@benureuse.lu.
 

Definitiounen
Wann net anescht uginn, hunn déi folgend Begrëffer a Bezeechnungen d'Bedeitung hei ënnendrënner - egal, ob hiren éischte Buschtaf grouss oder kleng ass, oder ob se an dëse Gebrauchsbedéngungen oder aneren Dokumenter an der Einzahl oder am Pluriel benotzt ginn.

  • Benotzer:in: natierlech oder juristesch Persoun, déi sech identifizéiert an sech op der Websäit www.benureuse.lu registréiert huet, fir eng oder méi Saachen unzebidden, ze akzeptéieren an déi Servicer vun der Websäit ze benotzen, fir déi eng Registréierung erfuerderlech ass. Wann et eng natierlech Persoun ass, muss den/d’Benotzer:in den Alter vun 18 Joer erreecht a legal handlungsfäeg sinn. Wann hien/hatt méi jonk ewéi 18 Joer ass, muss den/d' Benotzer:in als legal handlungsfäeg deklaréiert sinn.
  • 
Ubidder:in: natierlech oder juristesch Persoun, déi Saache proposéiert a via d'Websäit www.benureuse.lu weidergeleet huet

  • intresséiert Persoun: natierlech oder legal Persoun, déi eng Bestellung oder Sichufro op der Websäit www.benureuse.lu gemaach huet

  • Objet / Artikel / Géigestand / Element / Saach: bezitt sech op e Materialgutt, wat op der Websäit ugebueden a vermëttelt gëtt
  • 
REUSE Kategorien: Lëscht op der Websäit www.benureuse.lu mat definéierte Kategorien an Ënnerkategorien, an deenen Artikele kënnen ugebueden a gesicht ginn. BENU REUSE behält sech d'Recht fir, dës Kategorien an Ënnerkategorie wann néideg ze änneren.
  • REUSE Krittären: Lëscht op der Websäit www.benureuse.lu mat den néidege Qualitéitskrittäre fir déi Saachen, déi iwwer BENU REUSE kënne vermëttelt ginn. Esou wuel déi allgemeng Krittären, déi fir all d'Artikele gëllen, ewéi och déi zousätzlech Krittäre fir déi eenzel Ënnerkategorien, ginn opgestallt. BENU REUSE behält sech d'Recht vir, déi allgemeng an déi zousätzlech Krittäre wann néideg
 ze änneren. 
  • Ausgeschloss / Refuséiert Elementer: Lëscht op der Websäit www.benureuse.lu mat Saachen, déi net fir eng Vermëttlung iwwer BENU REUSE geduecht sinn. BENU REUSE behält sech d'Recht vir, d'Lëscht vu refuséierten Artikelen wann néideg
 ze änneren.
  • Liwwerkäschten: Fraisen, déi zum Deel d'Käschte vun der Logistik an dem Transport decken.
  • 
Websäit: bezitt sech op d'BENU REUSE Websäit fir gebrauchte Saachen unzebidden, ze sichen an ze bestellen, an déi um Internet op folgender Adress disponibel ass: http://www.benureuse.lu

Ëmfang
All Bierger:in, Organisatioun, Butteek an ëffentlech Institutioun, déi/deen zu Lëtzebuerg wunnt oder do hire/säi Sëtz huet, huet d'Recht, d'Internetsäit ze benotzen.

Objete kënnen nëmmen am Grand-Duché ofgeholl a geliwwert ginn.
 

Umeldung
D'Umeldung op der Websäit ass gratis. Nëmme Benotzer:innen, déi op der Websäit registréiert sinn, kënnen eng Annonce fir een Don oder eng Sichannonce maachen, en Artikel bestellen oder eng Fro zu engem Artikel eraginn. Eng Umeldung op der Websäit erfuerdert, dass dës Konditiounen erfëllt sinn:

  • De/d' Benotzer:in gëtt e Pseudonym, Virnumm, Familljennumm, Telefonsnummer an eng E-Mail Adress un. De/d' Benotzer:in bestätegt weider, dass hien/hatt den Alter vun 18 erreecht huet a legal handlungsfäeg ass;
  • Den/d' Benotzer:in verflicht sech, BENU REUSE aktuell, komplett a richteg Informatiounen ze ginn an dës wann néideg ze aktualiséieren. BENU REUSE muss iwwer all Ännerung vun den Donnéeën informéiert ginn. Wann dëst net geschitt, ass de/d' Benotzer:in haftbar fir d'Konsequenzen.

Duerch d'Enregistréieren op der Websäit bestätegt den/d' Benotzer:in, dass all déi uewe genannte Konditiounen vollstänneg erfëllt sinn; woubäi den/d' Ubidder:in d'Recht huet, schrëftlech Beweiser, déi kéinten iwwer d'Situatioun vun der intresséierter Persoun opklären, unzefroen.
Mat der Validatioun vun de Modalitéite vun der Online Umeldung ginn déi aktuell kontraktuell Konditioune vum/vun der Benotzer:in ouni Ausnam akzeptéiert.

Nodeems d'Aschreiwungsformalitéiten ofgeschloss sinn, gëtt e Kont fir déi ageschriwwe Persoun erstallt. E Kont huet all Benotzer:in, dee/déi schonn eng E-Mail Adress als Login an e PIN-Code uginn hunn. De/d' Benotzer:in kann op dëse Kont zougräifen, nodeems hien/hatt den ausgewielte Pseudonym an de PIN Code ugëtt.

De Login an de PIN Code sinn absolut perséinlech a vertraulech. Déi schonn op der Websäit registréiert Persoun ass verflicht, dës net un aner Persoune weiderzeginn. De/d' Benotzer:in ass eleng haftbar, an huet d'Konsequenzen ze droen, wann een oder méi Kontrakter vun enger Persoun ofgeschloss ginn, déi säin/hire Login a säin/hire PIN-Code benotzt, och wann dëst ouni säin/hiert Wësse geschitt.

De/d' Benotzer:in verflicht sech, all Gebrauch vu sengem/hirem Login an/oder dem PIN Code duerch eng aner Persoun direkt ze mellen, esoubal hien/hatt dovu gewuer gëtt.

De/d' Benotzer:in verflicht sech, keng aner Konten ewéi deem, deen ursprénglech fir sech selwer erstallt ginn ass, ze erstellen oder gebrauchen.
Duerch d'Umeldung stëmmt de/d' Benotzer:in den allgemenge Gebrauchsbedéngungen an den Dateschutzrichtlinne vu BENU REUSE zou.

 

Cookies

BENU fillt sech ausdrécklech verflicht, d'Privatsphär am Allgemengen a privat Donnéeën am Besonneschen ze schützen. Aus dësem Grond benotze mir nëmmen ee Cookie, fir d'BENU REUSE Websäit ze bedreiwen.

E Cookie ass eng technesch Datei, déi op Dengem Computer op Ufro vun der Websäit erstallt gëtt (an dësem Fall BENU REUSE). Normalerweis ginn e puer, a ville Fäll esouguer vill, Cookie-Dateie vu Websäiten op Däi Computer gesat. Dës kënne vill Informatiounen enthalen, esou ewéi Däi Numm um Internet, Passwierder an IDen, Produiten a Säiten, déi s Du Dir ugekuckt hues an nach vill, vill méi.

BENU REUSE limitéiert d'Benotzung vu Cookies op d'Aschreiwung op eiser Plattform, esou dass d'Plattform Dech erkennt, esoulaang s Du registréiert bleifs. Soubal s Du Dech ofmells, ass de Cookie net méi ze gebrauchen an huet och kee brauchbaren Inhalt méi. Aus dësem Grond muss een op BENU REUSE net ausdrécklech säin Averständnis fir den Asaz vu Cookies ginn.

 

Konditiounen, fir Artikelen ze proposéieren an ze kréien

Ursprong a Funktionalitéit vun de vermëttelten Objeten
BENU REUSE bitt Artikelen un, déi hätte sollen ewechgeheit ginn. D'Saache si Second-Hand, och wa se nach an engem gudden Zoustand sinn.

Den ursprénglechen Zweck, esou ewéi déi charakteristesch Eegenschafte vun den Objeten, kënne komplett oder deelweis opgehuewe ginn. D'Objeten si fir den normale Gebrauch net méi, oder just nach an engem limitéierte Sënn, gëeegent, a kënnen net mat neien Objete vum selwechten Typ verglach ginn. Si entspriechen net dem Zoustand vun neien Artikelen. Déi vermëttelt Objete goufe weder vu BENU REUSE ob d'Funktionalitéit, d'Fräiheet vu Mängel oder d'Vollstännegkeet (z.B. am Fall vun ofmontéierte Miwwelen) iwwerpréift; nach gouf kontrolléiert, ob de Gebrauch sécher ass oder ob den Objet schiedlech Substanzen enthält.

Et ass un der intresséierter Persoun, fir all Artikel ze kontrolléieren an un d'Sécherheetsnormen unzepassen, ier dëse fir d'éischt benotzt gëtt.
D'Benotzung vum Artikel ouni prealabel Inspektioun, méiglecherweis vu Spezialist:innen, ka mat Gefore fir Leit a Besëtz verbonne sinn oder zu weidere Gefore féieren, jeeweils ouni Haftung vun der Säit BENU REUSE oder dem/der Ubidder:in.

Déi intresséiert Persoun muss sech selwer vum Zoustand vum jeeweilegen Objet beim Bestellen an Empfänke vum Artikel iwwerzeegen, a finaliséiert dëst duerch d'Unhuele vun der Wuer.

Haftung a Garantie
Verschidden Artikelen hunn erkennbar Gebrauchsspueren. Dës representéiere keng Mängel, déi dozou féiere kéinten, dass eng Garantie géif gräifen. Soss ass all Haftung fir Mängel ausgeschloss.

BENU REUSE ass net verflicht, defekt Saachen ze ersetzen oder nach eng Kéier ze liwweren, well all vermëttelten Artikel eenzegaarteg ass.
BENU REUSE ass och net verflicht, en Ersatz ze liwweren, wann een ugebuedent Element net de Krittären entsprécht, déi vu BENU verëffentlecht goufen (kuck Paragraf 'Krittäre fir d'Vermëttlung vun Artikelen') oder den/d' Ubidder:in d'Annonce fir een Don kuerzfristeg zeréckzitt.

BENU REUSE gëtt keng Garantie ob d'Funktionalitéit, d'Fräiheet vu Mängel, d'Fräiheet vu schiedleche Substanzen, d'Sécherheet oder d'Vollstännegkeet (z. B. vun demontéierte Miwwelen) vum vermëttelten Artikel - dëst trotz enger Kompatibilitéitskontroll mat de BENU REUSE Krittären, déi zu deem Zäitpunkt, wou den Objet vum/vun Ubidder:in u BENU REUSE iwwergi gëtt, gëllen (kuck d'Sektioun "Krittäre fir d'Vermëttlung vun Objeten"). Ausserdeem iwwerhëlt BENU REUSE keng Garantie fir d'Korrektheet vun den Informatiounen (déi vum/vun der Ubidder:in publizéiert gi sinn) iwwer den ursprénglechen Zweck an déi fréier Behandlung vun engem ugebueden Artikel.

Benotzerdeklaratiounen
Den/d' Ubidder:in garantéiert, dass Objeten, déi ugebuede ginn, net géint déi ëffentlech Uerdnung, d'Moral, dat applicabelt lëtzebuergescht Gesetz oder d'Rechter vun Drëtte verstoussen, an dass se der Sensibilitéit vu Mannerjäregen net schueden.

Den/d' Ubidder:in ass net berechtegt, dës Artikelen direkt oder indirekt iwwer d'Websäit unzebidden, och wann dës Lëscht net komplett ass:

  • Objeten, déi direkt oder indirekt Rassismus, Xenophobie, Antisemitismus, Rassendiskriminéierung, sexuell oder reliéis Diskriminatioun, Haass oder Gewalt induzéieren;
  • geklaute Saachen;
  • Saachen, déi diffaméierender oder beleidegender Natur sinn oder Objeten, déi d'Privatsphär, d'Éier oder de Ruff vun Drëtte beschiedegen;
  • Elementer, déi intellektuell Propriétéitsrechter verletzen (besonnesch gefälschte Wueren, gefälschten Dateien, piratéiert Kopië vun Audio- oder Videoopnamen);
  • Objeten, déi net de Standarden, deenen se ënnerleien, entspriechen;
  • Elementer, déi wéinst gesetzleche Bestëmmunge vum Verkaf ausgeschloss sinn (Pelz, Elfebeen, Alkohol ...);
  • Elementer, déi net vu BENU REUSE vermëttelt ginn (kuck ënner "Ausgrenzung vun Artikelen");
  • Objeten, déi engem selwer net gehéieren an/oder zu deenen Objeten zielen, iwwert déi hien/hatt net fräi entscheede kann.

Déi intresséiert Persoun verflicht sech, BENU REUSE ze informéieren, esoubal hien/hatt entdeckt, dass een ugebuedent Element net am Aklang mat den uewe genannte Bestëmmungen ass.
 

Krittäre fir d’Vermëttlung vun Objeten
Am Prinzip akzeptéiert a vermëttelt BENU REUSE nëmmen Elementer, déi an engem gudden Zoustand, optesch schéin, propper a komplett sinn.

Normalerweis ginn nëmmen Artikele vermëttelt, déi net gefléckt musse ginn an déi fir den direkte Weidergebrauch gëeegent sinn. Artikelen, déi net funktionell sinn oder gefléckt musse ginn, gi just da vermëttelt, wann eng intresséiert Persoun dës extra iwwer eng speziell Annonce sicht.

Nëmmen Elementer, déi an enger Camionnette kënnen transportéiert a vu maximal zwee Leit kënne gedroe ginn, kënne vu BENU REUSE transportéiert ginn.
Ofmontéiert oder ofgebaut Saachen, ewéi zum Beispill Miwwelen, ginn nëmmen dann ugeholl, wann dës Ufuerderungen erfëllt sinn:

  • Déi eenzel Deeler musse sortéiert a markéiert sinn.
  • Den/d'Ubidder:in muss d'Vollstännegkeet bestätegen.
  • Den/d'Ubidder:in muss eng Beschreiwung fir de Montage ginn.

Zousätzlech mussen déi allgemeng an zousätzlech Krittären, déi op der Websäit www.benureuse.lu opgezielt sinn, erfëllt ginn. Elementer, déi ënnert der Rubrik "ausgegrenzten Artikelen" opgezielt sinn, ginn net vermëttelt.
Objete kënnen iwwer BENU REUSE ugebueden oder gesicht ginn, wann se enger definéierter Kategorie oder Ënnerkategorie zougewise kënne ginn a wann d'Qualitéitskrittären erfëllt sinn. D'BENU Team behält sech d'Recht vir, ze entscheeden, ob d'Saache vermëttelt an op der Websäit presentéiert ginn. BENU REUSE behält sech och d'Recht vir, d'Qualitéitskrittären unzepassen.

 

Ausgrenzung vun Artikelen
Saachen, déi ënner "ausgegrenzten Artikelen" opgezielt sinn, ginn net vermëttelt. Een Artikel, dee kenger vu BENU REUSE definéierter Kategorie kann zougewise ginn, gëtt net vermëttelt. BENU REUSE behält sech d'Recht vir, d'Lëscht vun den "ausgegrenzten Artikelen" an d’Lëscht vun de Kategorien, déi net kënne vermëttelt ginn, unzepassen.

Zousätzlech kontrolléiert d'BENU REUSE Ekipp d'Qualitéit vun den Artikelen, wann se vum/vun der Ubidder:in ofgeholl ginn. Eist Team decidéiert, ob d'Wuer fir den Transfert akzeptéiert gëtt. Dës Kontroll gëtt op Basis vun den allgemengen an zousätzleche Qualitéitskrittären, déi op der Websäit www.benureuse.lu opgezielt sinn, gemaach. BENU REUSE behält sech d'Recht vir, déi allgemeng an zousätzlech Qualitéitskrittäre wann néideg ze änneren.

 

Artikelen ubidden

Wann s Du Artikele wëlls ubidden, da wiel déi entspriechend Sichannonce ënnert der Kategorie, an där s Du den Artikel ubidde wëlls, eraus. Confirméier Deng Auswiel, andeems Du op de Knäppchen "Ech sinn un dëser Annonce interesséiert" klicks. Alternativ klicks Du op de Knäppchen "Ech publizéieren eng Annonce fir een Don".
 Dës Informatioune mussen an den Input Mask agedroe ginn:

  • 
Den/d'Ubidder:in wielt eng Kategorie an eng Ënnerkategorie eraus, an där den Artikel soll ugebuede ginn;

  • Den/d'Ubidder:in formuléiert den Titel vum ugebuedenen Element a luet passend Fotoen erop;
  • 
Hien/Hatt bestätegt, dass den Artikel de Qualitéitskrittäre vun der jeeweileger Kategorie entsprécht;

  • Ënnert "Detailer" gëtt den/d'Ubidder:in Informatiounen iwwer dat ugebuedent Element un, esouwäit dëst méiglech ass;

  • Wann déi gewënschten Adress net déi selwecht ewéi déi registréiert Adress ass, oder wa keng Adress beim Umellen agedroe ginn ass, muss déi aktuell Adress matgedeelt ginn;

  • Den/d'Ubidder:in deklaréiert, ob den Artikel virum Transport muss ofmontéiert ginn, ob eng noutwenneg Demontage vun him / hir ausgefouert gëtt oder ob de BENU REUSE domat beoptraagt gëtt.


Nodeems dës Informatioune gepréift goufen, bestätegt den/d'Ubidder:in d'Annonce fir een Don, andeems op den Ikon "Ech schécke meng Annonce fir een Don" geklickt gëtt. 
Den/d'Ubidder:in kritt eng Bestätegung, dass BENU REUSE d'Ufro fir d'Annonce kritt huet, per E-Mail. Eng Confirmatiouns-E-Mail kënnt innerhalb vun 2 Schaffdeeg. Dës erkläert, ob d'Annonce fir een Don ugeholl oder refuséiert gëtt, an ob nach Informatioune feelen, déi nach musse matgedeelt ginn. 
BENU REUSE behält sech d'Recht vir, eng Annonce fir een Don ze refuséieren, wann déi néideg Krittäre fir d'Vermëttlung net garantéiert sinn (kuck Paragrafen "Krittäre fir d'Vermëttlung vun Objeten" an "Ausgrenzung vun Objeten"). Wann d'Informatioun an der Annonce fir een Don net sënnvoll genuch ass, gëtt den/d'Ubidder:in opgefuerdert, déi relevant Informatioun matzedeelen an zum Beispill eng Beschreiwung oder Fotoen zur Verfügung ze stellen.
 Déi akzeptéiert Annonce fir een Don gëtt op der Websäit mat Fotoen an enger Beschreiwung presentéiert. Numm, Adress, E-Mail Adress oder Telefonsnummer vun dem/der Ubidder:in ginn net verëffentlecht.

An deenen éischten 48 Stonnen no der Verëffentlechung vun der Annonce fir een Don gëtt dës Annonce mat "48" markéiert. Eng speziell Reegel gëllt wärend dëser Period (kuck de Paragraf "Artikele bestellen"). 
Fir d'Presentatioun vun der Annonce vun engem Don gëllt eng Zäitlimitt vun dräi Méint. D'Annonce gëtt vun der Websäit geläscht, wann d'Elementer entweder vermëttelt goufen oder den/d'Ubidder:in d'Annonce fir een Don am Kont ënner "Meng Annonce fir een Don" annuléiert huet. No dräi Méint gëtt den/d'Ubidder:in per E-Mail gefrot, ob d'Annonce fir een Don soll verlängert ginn. Den/d'Ubidder:in kann dëst op um Kont ënner "Meng Annonce fir een Don" bestätegen. Wann et keng Äntwert vum/vun der Ubidder:in gëtt, gëtt d'Annonce fir een Don automatesch vun der Websäit geläscht.
Ugebuede Saache gi just vum/vun der Ubidder:in ofgeholl, wann eng intresséiert Persoun identifizéiert gouf. Saache bei BENU REUSE ze lageren ass net méiglech. Esoubal eng intresséiert Persoun identifizéiert gouf, kontaktéiert BENU REUSE den/d'Ubidder:in fir e Rendezvous auszemaachen, fir den Objet sichen ze kommen.

Artikele bestellen
Wann s Du en Artikel bestelle wëlls, da wiel dësen op der Websäit un a confirméier, andeems Du op de Knäppchen "Ech interesséiere mech fir dës Annonce" klicks. Gëff dës Informatiounen an der Input Mask un:

  • Wann déi gewënschte Liwweradress net déi selwecht ass ewéi déi, déi s Du bei der Umeldung uginn hues, oder wa keng Adress wärend der Umeldung agedroe gouf, muss déi aktuell Liwweradress ugi ginn;
  • Wann den Artikel virum Transport ofmontéiert muss ginn, deklaréiert déi intresséiert Persoun, ob de Montage vun hir ausgefouert oder dës Aufgab BENU REUSE uvertraut gëtt;
  • Wann déi intresséiert Persoun e Recht op eng Remise op d'Liwwerkäschten huet, also Student:in oder eng Asbl ass, muss den entspriechende Beweis Informatioun eropgeluede ginn. 

Nodeems dës Informatioun gepréift gouf, bestätegt déi intresséiert Persoun d'Bestellung, andeems op de Knäppchen "Ech bestätegen" geklickt gëtt.
Déi intresséiert Persoun kritt d'Bestätegung vu BENU REUSE per E-Mail. D'Bestellung gëtt per E-Mail bannent 2 Aarbechtsdeeg confirméiert. Dës enthält all nëtzlech Informatiounen iwwer den Artikel, a fir de Fall, dass déi intresséiert Persoun verflicht ass, ze bezuelen, och d'Bezuelungsufro.

Nom Empfänke vun der Bezuelung vun de Liwwerkäschten, esou ewéi dem Oflaf vun der Kënnegungszäit, gëtt déi intresséiert Persoun vu BENU REUSE per E-Mail oder Telefon kontaktéiert, fir d'Liwwerung ze arrangéieren.

 

Speziell Bewëllegungsreegel bannent deenen éischten 48 Stonnen, nodeems en Artikel op benureuse.lu verëffentlecht gouf
Bannent deenen éischten 48 Stonnen, nodeems eng Annonce fir een Don op benureuse.lu verëffentlecht gouf, gëtt dës mat "48" markéiert. Wann e puer intresséiert Persounen den ugebuedenen Artikel an dëser Period bestelle wëllen, ginn dës zousätzlech Aspekter consideréiert:

  • d'Unzuel un Artikele vum selwechten Typ, déi schonn un déi jeeweileg interesséiert Persoun vermëttelt goufen
  • d'Unzuel un Objeten am Allgemengen, déi schonn un déi jeeweileg interesséiert Persoun vermëttelt goufen
  • déi chronologesch Uerdnung vun de Meldungen.

Dëst bedeit, dass déi Persoun d'Zouso kritt, déi virdrun nach keen Objet vum selwechten Typ kritt huet, oder déi am Verglach zu deenen aneren intresséierte Persounen nach net esou dacks en Objet kritt huet. Wann déi intresséiert Persounen an dëse Punkten net vergläichbar sinn, kritt déi Persoun d'Zouso, déi fir d'éischt hiren Intressi un der Annonce kommunizéiert huet.
Déi intresséiert Persoun, déi nom Oflaf vun deenen éischten 48 Stonnen eng Zouso kritt, gëtt per E-Mail kontaktéiert. D'E-Mail enthält all nëtzlech Informatiounen iwwer dee bestallten Artikel, a fir de Fall, dass déi intresséiert Persoun verflicht ass, ze bezuelen, och d'Bezuelungsufro. Interesséiert Parteien, déi net akzeptéiert goufen, gi per E-Mail iwwer de Grond informéiert.

Wa sech keng interesséiert Persoun bannent deenen éischten 48 Stonnen no der Verëffentlechung vun enger Annonce fir een Don mellt, gëtt de Vermierk "48h" geläscht. Vun dësem Moment u gëtt den Artikel un déi éischt interesséiert Persoun vermëttelt. 

Sich no Saachen

Eng intresséiert Persoun, déi Elementer sicht, déi net op der Websäit ugebuede ginn, kënnen eng Sichannonce posten. Dës gëtt bestätegt, andeems op den Ikon "Ech publizéieren eng Sichannonce" geklickt gëtt. 
Déi folgend Informatioun muss an der Input Mask agedroe ginn:


  • Déi intresséiert Persoun wielt eng Kategorie an eng Ënnerkategorie eraus, an där den Artikel gesicht gëtt;
  • Déi intresséiert Persoun formuléiert den Titel vum gesichten Artikel an erkläert och, ob den Artikel eemol oder e puer Mol gesicht gëtt;
  • Déi intresséiert Persoun ka Fotoe vun engem vergläichbaren Objet eroplueden;

  • Déi intresséiert Persoun bestätegt, dass de gesichte Produit de Qualitéitskrittäre vun der relevanter Kategorie entsprécht;
  • Ënnert "Detailer" gëtt déi intresséiert Persoun Informatiounen iwwer dee gesichte Produit;

  • Wann déi gewënschte Liwweradress net déi selwecht ewéi déi registréiert Adress ass, oder wa keng Adress beim Umellen agedroe ginn ass, muss déi aktuell Liwweradress matgedeelt ginn;

  • Wann déi intresséiert Persoun e Recht op eng Remise op d'Liwwerkäschten huet, also Student:in oder eng Asbl ass, muss deen entspriechende Beweis eropgeluede ginn.


Nodeems dës Informatioune gepréift goufen, bestätegt déi intresséiert Persoun d'Sichannonce, andeems op den Ikon "Submit search advertisement" geklickt gëtt. 
BENU REUSE bestätegt der intresséierter Persoun d'Empfänke vun der Ufro per E-Mail. Eng Confirmatiouns-E-Mail kënnt innerhalb vun 2 Schaffdeeg no, déi erkläert, ob d'Sichufro akzeptéiert oder refuséiert gëtt, an ob nach Informatioune feelen.



BENU REUSE behält sech d'Recht vir, eng Sichufro ze refuséieren, wann déi néideg Krittäre fir d’Vermëttlung net respektéiert ginn (kuck de Paragraf 'Krittäre fir d'Vermëttlung vun Objeten' an "Ausgrenzung vun Objeten"). Wann d'Informatioun an der Sichannonce net sënnvoll genuch ass, gëtt déi intresséiert Persoun opgefuerdert, dës Informatioune matzedeelen.

Déi akzeptéiert Sichannonce gëtt op der Websäit mat enger Beschreiwung, an dem no wéi och mat Fotoe presentéiert. Numm, Adress, E-Mail Adress oder Telefonsnummer vun der intresséierter Persoun ginn net verëffentlecht. 
D'Presentatioun vun der Sichannonce ass op dräi Méint limitéiert. Se gëtt vun der Websäit geläscht, wann en eemoleg gesichten Objet vermëttelt gouf oder déi intresséiert Persoun d'Sichannonce am Kont ënner "Meng Sichannoncen" annuléiert. No dräi Méint gëtt eng E-Mail un déi intresséiert Persoun geschéckt, fir ze froen, ob d'Sichannonce sollt verlängert ginn. Wann et keng Äntwert vun der intresséierter Persoun gëtt, gëtt d'Annonce automatesch vun der Websäit geläscht.


Wann eng Annonce fir een Don identifizéiert gëtt, déi der Sichannonce entsprécht, kritt déi intresséiert Persoun eng Noriicht per E-Mail. Dës enthält all nëtzlech Informatiounen iwwer den ugebuedenen Artikel, a fir de Fall, dass déi intresséiert Persoun verflicht ass, ze bezuelen, och d'Bezuelungsufro. 
Déi intresséiert Persoun huet wärend 5 Deeg, nodeems d'Confirmatiouns-E-Mail geschéckt gouf, d'Méiglechkeet, d'Annonce fir een Don unzehuelen. Et geet et duer, wann d'Bezuele vun der Liwwerung bannent 5 Deeg geschitt. Wann déi intresséiert Persoun vun de Liwwerkäschte befreit ass, muss d'Annonce fir een Don bannent 5 Deeg akzeptéiert ginn, andeems dës am Kont ënner "Meng Sichannoncen" bestätegt gëtt. Wann d'Annonce fir een Don net ugeholl gëtt, kann dës och am Kont ënner "Meng Sich Annoncen" refuséiert ginn.
 Fir dëse Prozess ze vereinfachen, ass an der Confirmatiouns-E-Mail en direkte Link fir déi entspriechend Sichannonce.


Wa BENU REUSE no 5 Deeg kee Message vun der intresséierter Persoun kritt, oder wann d'Liwwerkäschten net um Konto vu BENU REUSE ukomm sinn, gëtt den Artikel fir eng nei Vermëttlung fräiginn. Den Artikel gëtt dann enger anerer interesséierter Persoun ugebueden an/oder weider op der Websäit presentéiert.
 Nodeems déi intresséiert Persoun d'Annonce fir een Don ugeholl huet, d'Liwwerkäschte bezuelt sinn an den Annulatiounszäitraum ofgelaf ass, gëtt si vu BENU REUSE kontaktéiert, fir ee Rendezvous fir d'Liwwerung ze arrangéieren.

Kontakt tëscht Ubidder:in an intresséierter Persoun
BENU REUSE iwwerhëlt d’Vermëttlung an den Transport vun den Artikele vum/vun der Ubidder:in bis bei déi intresséiert Persoun. Den direkte Kontakt tëscht Ubidder:in an intresséierter Persoun ass net virgesinn. 
Eng interesséiert Persoun kann awer mat enger anonymmer Chatfunktioun op der Websäit den/d'Ubidder:in uschreiwen, fir Froen iwwer den ugebuedenen Artikel ze stellen. Déi Persoun, déi den Objet weidergëtt, kann och eng intresséiert Persoun kontaktéieren.


Fir iwwer d'Chatfunktioun ze kommunizéieren, muss den/d’Benotzer:in op der Websäit ageloggt sinn. D'Chatfunktioun gëtt vu BENU REUSE geréiert. Den/d'Ubidder:in (am Fall vun enger Annonce fir een Don) an déi intresséiert Persoun (am Fall vun enger Sichufro) verflichten sech, direkt per E-Mail op Froen ze äntweren, déi hinne vu BENU REUSE per E-Mail gestallt ginn. Froen an Äntwerte ginn an der Chatfunktioun ënnert dem Pseudonym vun dem/der Benotzer:in verëffentlecht.
 

Widderrufsrecht a -frist
Eng Bestellung ka bannent enger Period vu 5 Deeg nom Empfänke vun der Bestätegung-E-Mail annuléiert ginn. D'Annulatioun muss am Kont ënner "Meng Bestellungen" gemaach ginn. Nodeems dës Period ofgelaf ass, ass d'Unhuele vum bestallten Artikel verbindlech.
 Déi intresséiert Persoun kann optional déi schnellstméiglech Liwwerung ufroen, andeems ausdrécklech ob déi uewe genannte Kënnegungsfrist vu 5 Deeg verzicht gëtt. Déi jeeweileg Optioun ka vun dëser Persoun am Kont ënner "Meng Bestellungen/Bezuelung" ausgewielt ginn.

Fir een Objet, deen enger intresséierter Persoun opgrond vun enger passender Sichannonce ugebuede gëtt, gëtt eng automatesch Bestellung generéiert. Zur selwechter Zäit kritt déi intresséiert Persoun eng E -Mail mat allen Informatiounen iwwer den Artikel. Déi intresséiert Persoun huet d'Méiglechkeet, d'Offer per E -Mail bannent enger Period vu 5 Deeg ze akzeptéieren oder ze refuséieren. Wa BENU REUSE keng Bestätegung vun der intresséierter Persoun no 5 Deeg kritt, gëtt d'Bestellung annuléiert. Wann déi intresséiert Persoun den ugebuedenen Artikel akzeptéiert, kritt si eng Bestätegung vun der Bestellung per E -Mail.
Vun dësem Moment u gëllt dat uewe genannt Widderrufsrecht, mat all de Bedéngungen a Fristen.

Ofhuelen a Liwweren
Nom erfollegräiche Bezuele vun de Liwwerkäschten an dem Oflaf vun der Kënnegungsfrist kontaktéiert BENU REUSE den/d'Ubidder:in an déi intresséiert Persoun per E-Mail oder Telefon, fir e Rendezvous fir d'Ofhuelen an d'Liwweren ze fixéieren. Wann d'Saachen ofgeholl ginn, mussen dës vun dem/vun der Ubidder:in scho fir den Transport virbereet gi sinn. BENU REUSE hëlt d'Saache vun dem/vun der Ubidder:in mat a liwwert se direkt un déi intresséiert Persoun.

D'Saache gi gratis ofgeholl a geliwwert.
BENU REUSE gëtt sech Méi, de bestallten Artikel bannent enger Woch nom Empfänke vun der Bezuelung an dem Oflaf vun der Kënnegungsfrist ze liwweren. Aus logistesche Grënn, z.B fir d'Transportweeër ze optiméieren, kënnen am Eenzelfall méi laang Liwwerzäiten optrieden.

Déi intresséiert Persoun kann eng méi séier Liwwerung ufroen, andeems op d'Annulatiounsrecht verzicht gëtt. Fir dëst ze maachen, wielt déi intresséiert Persoun déi entspriechend Optioun am Kont ënner "Meng Bestellungen" oder "Meng Sichannoncen" eraus.

Fir dës Prozesser ze vereinfachen, kritt d'Confirmatiouns-E-Mail en direkte Link op déi entspriechend Bestellung oder Sichannonce um Kont vun der intresséierter Persoun.

Käschten a Bezuelen

D'Saache gi gratis vermëttelt, dat heescht den/d'Ubidder:in gëtt net vun der intresséierter Persoun fir den Artikel bezuelt. 
D'Ofhuelen ass och gratis fir den/d'Ubidder:in. D' Liwwerkäschte gi vun der intresséierter Persoun gedroen. Dat sinn 10 Euro pro bestallten Artikel - domat ka BENU REUSE en Deel vun de Käschte fir Logistik an Transport decken. Student:innen kréien eng Remise vu 5 Euro op d’Liwwerkäschten. ASBLen bezuele keng Liwwerkäschten. Fir eng Remise unzefroen, muss den entspriechende Beweis op der Websäit eropgeluede ginn.
 Wann een Artikel op Basis vun enger Sichannonce vermëttelt oder online bestallt gëtt, kritt déi intresséiert Persoun eng Bezuelungsufro mat der Bestätegung-E-Mail.

Bezuelt gëtt mat DigiCash, iwwer de Kont oder mat der Kreditkaart (Visa, Mastercard, Paypal), dëst no den allgemenge Konditioune vum SSL Bezuelungssystem. Déi intresséiert Persoun kann och online bezuelen. Fir dësen Zweck kritt si en direkte Link an der Confirmatioun-E-Mail, déi een op d'Online-Bezuelfunktioun vu www.benureuse.lu bréngt.

Remboursement vun der Liwwerkäschten

Liwwerkäschten, déi scho bezuelt goufen, ginn esou séier ewéi méiglech vu BENU REUSE un déi intresséiert Persoun rembourséiert - spéitstens awer 30 Deeg nom Zäitpunkt vun der Annulatioun, wann:

  • eng intresséiert Persoun d'
Bestellung oder d'Annonce fir een Don, déi akzeptéiert gouf, fristgerecht annuléiert;

  • den/d'Ubidder:in eng Annonce fir een Don zréckzitt, an dee bestallten Artikel dowéinst net ka geliwwert ginn;
  • 
ee bestallten Artikel net konnt geliwwert ginn, well dësen de Krittäre vu BENU REUSE net entsprach huet an dowéinst beim Ofhuele refuséiert gouf


Scho bezuelte Liwwerkäschte ginn net rembourséiert wann:


  • een Artikel vun der intresséierter Persoun refuséiert gëtt, nodeems déi applicabel Kënnegungsfrist ofgelaf ass;

  • d'Liwweradress, déi op BENU REUSE zur Zäit vun der Liwwerung gespäichert ass, falsch oder net méi aktuell ass;
  • 
Dee Moment vun der Liwwerung keen do ass, fir den Artikel entgéint ze huelen

Zousätzlech Servicer
Wann zousätzlech Servicer fir BENU REUSE als Deel vum Transport erfuerderlech sinn, ewéi zum Beispill den Ofbau oder de Montage vun engem Miwwelstéck, oder d'Camionnette net bis bei den Trottoir virun der Wunnengsdier kënnt, muss dat BENU REUSE am Viraus matgedeelt ginn - dëst am Kader vun der Online-Bestellung, der Online-Annonce oder enger E-Mail un d'Adress info@benureuse.lu. Zousätzlech Servicer kaschte 60 € pro Aarbechtsstonn, déi vun 2 Persoune geleescht ginn. All ugefaange Véierelsstonn gëtt verrechent.

Déi intresséiert Persoun dréit d'Käschte vun dësen zousätzleche Servicer.
Bezuelt gëtt op der Plaz mat enger Bankkaart (V-Pay, VISA, Mastercard), mat DigiCash oder iwwer de Kont.

Remboursements-Politik
De Retour vun engem Artikel - sief et u BENU REUSE oder den/d'Ubidder:in - an ass net méi méiglech, nodeems den Artikel vun der intresséierter Persoun ugeholl gouf.

Aner Bestëmmungen

Niewekonventiounen, déi iwwer den Inhalt oder den Ëmfang vun dëse Gebrauchsbedéngungen eraus ginn, musse schrëftlech festgehale ginn.
 Sollt iergendeng Bestëmmung vun dëse Benotzungsbedéngungen onwierksam sinn oder ginn, huet dëst keen Afloss op d'Gültegkeet vun deenen anere Konditiounen.

 

<span>BENU REUSE </span> Kritären

BENU REUSE Kritären

Net all, awer ganz vill, gebrauchte Saache kënne weiderginn oder iwwer BENU REUSE gesicht ginn. Hei kanns du erausfanne wéi eng Saache weidergi ginn a wéi eng aus der Vermëttlung ausgeschloss sinn.

Ech wëll méi wëssen
<span>REUSE</span> Service

REUSE Service

Vill maache mat! Hei fënns du Organisatiounen, Initiativen a Firmen déi eng grouss Varietéit u gebrauchte Saachen akzeptéieren, weiderginn, reparéieren oder vermëttelen. Looss dech iwwerraschen!

Ech wëll méi wëssen

Hues du nach Froen?

Da kontaktéier eis!

Ech kontaktéieren de BENU REUSE

All d'Informatiounen

iwwer BENU REUSE