Wat gëtt iwwer BENU REUSE vermëttelt?
BENU REUSE Krittären
Hues Du Saachen, déi s Du net méi brauchs? Sichs Du no engem spezifeschen Objet oder bestëmmte Materialien? Egal, ob nei oder gebraucht - Du kanns Deng Saache weiderginn, wann se nach ëmmer an engem gudden a vollstännegen Zoustand, optesch schéin a propper sinn. Well BENU REUSE keng Reparaturen oder Korrekture mécht, ginn normalerweis nëmme funktionell Saachen, déi net virdru musse gefléckt ginn an déi direkt nees benotzt kënne ginn, iwwer BENU REUSE vermëttelt. Saachen, déi nach misste gefléckt ginn, ginn nëmme vermëttelt, wann eng intresséiert Persoun mat enger spezifescher Annonce dono sicht.
Mir këmmeren eis ëm den Transport vum Donateur/der Donatrice bis bei déi intresséiert Persoun. Dofir mussen déi transportéiert Saache vum Volumen hir an eise BENU REUSE Camionette passen an dierfen net méi schwéier sinn, ewéi zwee Leit aus eiser Ekipp droe kënnen. Méi grouss Saachen, ewéi zum Beispill Miwwelen, sollten am beschte virum Transport ausernee gebaut ginn. Hei fënns Du eis Recommandatioune fir d'Preparatioun vun demontéierte Saachen op den Transport.
Wann s Du just ee klengen Artikel sichs oder dëse wëlls weiderginn, sollts Du Dech am Virfeld froen, ob et wierklech Sënn mécht, dësen iwwer BENU REUSE weiderzeginn. Mir probéieren, d'Transportweeër esou gutt ewéi méiglech mateneen ze koordinéieren - trotzdeem kann den Opwand fir den Transport vun esou engem eenzelen, klengen Artikel onverhältnesméisseg sinn. Am Fall vun engem eenzege Käerzestänner wier et zum Beispill méi sënnvoll, dësen op e Floumaart oder an e Second-Hand Buttek an Denger Géigend ze bréngen.
Allgemeng Krittäre vu BENU REUSE
- gutt erhalen
- optesch schéin
- propper
- funktionell
- vollstänneg
- muss net gefléckt ginn
- fir den direkte Weidergebrauch gëeegent
- kann an der BENU REUSE Camionnette transportéiert a vu maximal zwee Leit gedroe ginn
Fir verschidden Artikelen applizéiere mir nach méi streng Vermëttlungs-Krittären - ganz am Aklang mat der Nohaltegkeet. Dës gëllen zum Beispill fir Baumaterialien, déi mat schiedleche Stoffer kontaminéiert sinn. Effektiv sollten esou Géigestänn oder Materialien net méi gebraucht, dofir awer richteg entsuergt ginn. Am Fall vun engem gebrauchten, elektroneschen Apparat kann et och vum Alter an der Energieeffizienz vum spezifesche Modell ofhänken, ob et weiderhi sënnvoll ass, dëse weider ze gebrauchen.
Hei fënns Du alles, wat s Du wësse muss an nach weider Informatiounen. Mir erklären hei och, firwat verschidde Saache vun der Vermëttlung ausgeschloss sinn, a wourop s Du solls oppassen, wann s Du se weider gebrauchs. Du fënns hei och Tipps a Virschléi fir méi een nohaltege Konsum.
Wann Däin Objet net iwwer BENU REUSE vermëttelt ka ginn, da consultéier de REUSE Service. Hei fënns Du vill Organisatiounen, Initiativen a Geschäfter, déi benotzt Saachen akzeptéieren, weiderginn, flécken oder verkafen. Looss Dech iwwerraschen!

BENU REUSE Kritären
Net all, awer ganz vill, gebrauchte Saache kënne weiderginn oder iwwer BENU REUSE gesicht ginn. Hei kanns du erausfanne wéi eng Saache weidergi ginn a wéi eng aus der Vermëttlung ausgeschloss sinn.
Ech wëll méi wëssen
REUSE Service
Vill maache mat! Hei fënns du Organisatiounen, Initiativen a Firmen déi eng grouss Varietéit u gebrauchte Saachen akzeptéieren, weiderginn, reparéieren oder vermëttelen. Looss dech iwwerraschen!
Ech wëll méi wëssen