Wat geschitt mat Denge perséinlechen Donnéeën?
Dateschutz
Perséinlech Donnéeë wéi Numm, Virnumm, Postadress, Telefonsnummer, E-Mail Adress a Bankdetailer gi vertraulech behandelt. Si ginn nëmme benotzt am Kontext vun der Online Vermëttlung vu BENU, dem Bezuelungsservice an dem Liwwerservice. D'Donnéeë gi benotzt bis d'Transaktioun ofgeschloss ass, a gi wärend der vum Dateschutzgesetz virgeschriwwener Period gespäichert.
benureuse.lu verflicht sech, d'Gesetzer a Reglementer ze respektéieren an unzëerkennen, déi de Schutz vu perséinlechen Donnéeë reguléieren - dorënner, awer net limitéiert op, d'Regulatioun (EU) 2016/679 vum Parlament a vum Conseil vum 27. Abrëll 2016 zum Schutz vun Individuen, betreffend d'Veraarbechtung an de fräie Verkéier vu perséinlechen Donnéeën ("GDPR"), esou ewéi all aner uwennbar national Gesetzer oder Regulatiounen zur Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën.
Mir sammelen a verschaffe besonnesch Däin Numm, Virnumm, Adress, E -Mail Adress, Telefonsnummer, IP Adress, historesch Verbindungsdonnéeë fir Bestellungen an Ukënnegungen, Liwwervirfäll, Reklamatiounen, funktionell a verhalensanalytesch Donnéeën exklusiv am Kader vun der Vermëttlung vun den Artikelen, an dëst just wärend der jeeweileg strikt noutwenneger Period. Eenzeg fir den Zweck vun der Liwwerung vun den Artikele ginn Informatiounen iwwer Deng Bankkaart vum Online Bezuelungsservice gefrot. benureuse.lu späichert nëmmen en Authentizitéitstoken als Referenz, fir dem Bezuelungsservice unzeginn, ob eng Bezuelung erfollegräich war oder net. Déi obligatoresch oder fakultativ Natur vun der Datesammlung ass mat engem Stärchen gekennzeechent.

BENU REUSE Kritären
Net all, awer ganz vill, gebrauchte Saache kënne weiderginn oder iwwer BENU REUSE gesicht ginn. Hei kanns du erausfanne wéi eng Saache weidergi ginn a wéi eng aus der Vermëttlung ausgeschloss sinn.
Ech wëll méi wëssen
REUSE Service
Vill maache mat! Hei fënns du Organisatiounen, Initiativen a Firmen déi eng grouss Varietéit u gebrauchte Saachen akzeptéieren, weiderginn, reparéieren oder vermëttelen. Looss dech iwwerraschen!
Ech wëll méi wëssen