Entdeck d'Welt vu BENU

Entdeck d'Welt vu BENU

BENU VILLAGE ESCH ASBL

BENU VILLAGE ESCH ASBL

Dat éischt Ekoduerf an der Groussregioun, dat all d'BENU Aktivitéite (Restaurant, Buttek, Konscht) regruppéiert. Mir organiséiere participativ, kreativ a pedagogesch Aktivitéite ronderëm Theeme vun der sozial-ekologescher Kreeslafwirtschaft. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Dat éischt Ekoduerf an der Groussregioun, dat all d'BENU Aktivitéite (Restaurant, Buttek, Konscht) regruppéiert. Mir organiséiere participativ, kreativ a pedagogesch Aktivitéite ronderëm Theeme vun der sozial-ekologescher Kreeslafwirtschaft. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU VILLAGE SIS

BENU VILLAGE SIS

Eng Gesellschaft mat beschränkter Verantwortung, déi de Prinzippie vun der Sozial- a Solidarwirtschaft entsprécht. BENU Village SIS representéiert BENU um private Marché an encouragéiert privat Patrone/onnë sozial-ekologesch Aspekter an hire Betriber ëmzesetzen. Eng nei Internetsäit wäert am Hierscht 2022 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Eng Gesellschaft mat beschränkter Verantwortung, déi de Prinzippie vun der Sozial- a Solidarwirtschaft entsprécht. BENU Village SIS representéiert BENU um private Marché an encouragéiert privat Patrone/onnë sozial-ekologesch Aspekter an hire Betriber ëmzesetzen. Eng nei Internetsäit wäert am Hierscht 2022 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU SLOOW

BENU SLOOW

Well Ernärung a Liewensmëttelverschwendung Theeme sinn, déi eis um Häerze leien, hu mir BENU SLOOW gegrënnt. Den éischte "Rescued Food" Restaurant an der Groussregioun, bitt eng Bio-Kichen un, originell a virun allem nohalteg! Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Hierscht 2022 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Well Ernärung a Liewensmëttelverschwendung Theeme sinn, déi eis um Häerze leien, hu mir BENU SLOOW gegrënnt. Den éischte "Rescued Food" Restaurant an der Groussregioun, bitt eng Bio-Kichen un, originell a virun allem nohalteg! Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Hierscht 2022 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU COUTURE

BENU COUTURE

Dëst ass den éischten UpCycling-Schneideratelier zu Lëtzebuerg! Mir bidden eenzegaarteg Stécker un, déi zu Lëtzebuerg aus alem Gezei entworf a produzéiert ginn. BENU COUTURE, dat si lëschteg, faarweg an uspriechend Kleedungsstécker fir Kanner an Erwuessener vun XS bis 5XL. Du kanns Deng Kleeder och no Dengen eegenen Iddie modifizéieren!
Dëst ass den éischten UpCycling-Schneideratelier zu Lëtzebuerg! Mir bidden eenzegaarteg Stécker un, déi zu Lëtzebuerg aus alem Gezei entworf a produzéiert ginn. BENU COUTURE, dat si lëschteg, faarweg an uspriechend Kleedungsstécker fir Kanner an Erwuessener vun XS bis 5XL. Du kanns Deng Kleeder och no Dengen eegenen Iddie modifizéieren!

BENU REUSE

BENU REUSE

Du wëlls gebrauchte Miwwelen oder Géigestänn verschenken? Du sichs e bestëmmten Objet? Entdeck déi nei Plattform BENU REUSE, déi d'Spende vu gebrauchte Miwwelen a Géigestänn a Lëtzebuerg vereinfacht. D'BENU REUSE Ekipp këmmert sech ëm alles! Mir kommen Deng gebrauchte Saache gratis sichen an transportéiere se bei hir nei Besëtzer:innen. Méi dozou hei:
Du wëlls gebrauchte Miwwelen oder Géigestänn verschenken? Du sichs e bestëmmten Objet? Entdeck déi nei Plattform BENU REUSE, déi d'Spende vu gebrauchte Miwwelen a Géigestänn a Lëtzebuerg vereinfacht. D'BENU REUSE Ekipp këmmert sech ëm alles! Mir kommen Deng gebrauchte Saache gratis sichen an transportéiere se bei hir nei Besëtzer:innen. Méi dozou hei:

BENU LaSA

BENU LaSA

Du stells UpCycling-Kreatiounen hier? Du wëlls lokal Kënschtler:inne kenneléieren, déi am Beräich vum UpCycling schaffen? BENU LaSA, am Zentrum vum BENU VILLAGE, ass déi perfekt Plaz fir Deng nohalteg Kreatiounen ze presentéieren, Dech z'inspiréieren an ongewéinlech Kënschtler:innen z'entdecken. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Du stells UpCycling-Kreatiounen hier? Du wëlls lokal Kënschtler:inne kenneléieren, déi am Beräich vum UpCycling schaffen? BENU LaSA, am Zentrum vum BENU VILLAGE, ass déi perfekt Plaz fir Deng nohalteg Kreatiounen ze presentéieren, Dech z'inspiréieren an ongewéinlech Kënschtler:innen z'entdecken. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU FORM

BENU FORM

Well UpCycling net just Kleedung concernéiert, mee wäit doriwwer eraus geet! BENU FORM entwërft a bitt eenzegaarteg Miwwelen un, déi aus ale Miwwele geupcycelt sinn déi soss um Tipp gelant wieren. All d'BENU FORM Kreatioune fënns du am BENU VILLAGE. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Well UpCycling net just Kleedung concernéiert, mee wäit doriwwer eraus geet! BENU FORM entwërft a bitt eenzegaarteg Miwwelen un, déi aus ale Miwwele geupcycelt sinn déi soss um Tipp gelant wieren. All d'BENU FORM Kreatioune fënns du am BENU VILLAGE. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU BREAK

BENU BREAK

Brauchs Du eng Paus fir Dech ze erhuelen, Dir Zäit ze huelen oder Dech z'inspiréieren? Wéi wier et, e puer Deeg bei BENU BREAK ze verbréngen, dat eenzegt Hotelszëmmer am BENU VILLAGE? Eng rätselhaft, frëndlech an eenzegaarteg Plaz, einfach ideal. Eng nei Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Brauchs Du eng Paus fir Dech ze erhuelen, Dir Zäit ze huelen oder Dech z'inspiréieren? Wéi wier et, e puer Deeg bei BENU BREAK ze verbréngen, dat eenzegt Hotelszëmmer am BENU VILLAGE? Eng rätselhaft, frëndlech an eenzegaarteg Plaz, einfach ideal. Eng nei Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

Déi ganz Geschicht

Wéi ass BENU REUSE entstanen?

De Problem

Vill gebrauchte Géigestänn a benotzte Materialien, déi nach ze gutt sinn, fir ewechgehäit ze ginn, ginn all Dag entsuergt.

Reparaturservicer ginn och ëmmer manner benotzt - nei Apparater kënne jo direkt geliwwert ginn. Esouguer Kleeder mat just klenge Schied, zum Beispill engem klenge Lach, ginn net méi gefléckt. D'Auswiel an de Geschäfter mat scheinbar niddrege Präisser ass riseg. Esou geet de Verbrauch u Ressourcë weider an d’Luucht, ouni dass déi scho genotzte Ressourcen nach eng Kéier gebraucht géife ginn.

Dee ganze Reschtoffall, getrennt gesammelten Offall (z.B. Glas, Pabeier ...) a geféierlechen Offall (z.B. Batterien, aalt Holz ...) vu Stéit a klenge Betriber louch am Joer 2018 am Duerchschnëtt bei 610 kg pro Persoun zu Lëtzebuerg. D'EU-Moyenne louch 2018 bei 489 kg pro Persoun.

Am Joer 2016 haten d'Stéit en Undeel vun 8,5% an d'Bauindustrie en Undeel vu 36,5% vum Offall an der EU.

Quell: Eurostat, Europäische Umweltagentur, Europäische Kommission

Ee Beispill vu villen: Méi ewéi 7,1 Milliounen Tonne Miwwele ginn all Joer eleng an Däitschland entsuergt. De Bierg vun Holzoffall beleeft sech op insgesamt 10,5 Milliounen Tonne pro Joer. Vun dësem ginn 10 Milliounen Tonnen (also 95%) verbrannt. De Rescht gëtt duerch vill neit Holz ergänzt (20% aalt Holz: 80% neit Holz), fir Spanplacken ze produzéieren. Dëse Prozess brauch ganz grouss Quantitéiten u Waasser an Energie. Des Weidere gëtt bei der Produktioun vu ville Spanplacken och zweiwelhafte Pech benotzt. All dëst féiert zu engem schlechten ekologesche Foussofdrock. Allgemeng gëtt fir dëst Virgoen awer de Begrëff “Holzrecycling” benotzt.

En anert Beispill: D'Bauindustrie ass verantwortlech fir 50% vum globalen Offall an ass domat ee vun deene gréissten Offallproduzenten op der Welt. Milliounen Tonne benotzbaart Baumaterial gëtt all Joer an Däitschland ewechgehäit. D'Majoritéit entsteet beim Ofrappe vu Gebaier; 10-15% vun alle Materialie ginn ongebraucht och op de Baustelle vun neie Gebaier entsuergt - beispillsweis wéinst falsch berechente Bestellungen oder enger schlechter Organisatioun. Nëmmen e Brochdeel vun dësem Baumaterial gëtt tatsächlech recycléiert an/oder nach eng Kéier benotzt. Den Transport, de Recyclage, d' Entsuergung, esou ewéi d'Produktioun vun den doduerch feelende Baumaterialie féieren zu onnéidegem Offall an engem grousse CO2-Foussofdrock. D'Resultat: d'Bauindustrie ass verantwortlech fir 23% vun de weltwäite CO2-Emissiounen.

Den 29. Juli 2021 hat d'Mënschheet all biologesch Ressource verbraucht, déi d'Äerd bannent engem Joer erneieren an nohalteg zur Verfügung stelle kann. Weltwäit benotzen d'Mënschen esou vill Ressourcen, dass 2.75 Äerden néideg wieren, fir dës Ressourcen nohalteg ze produzéieren. Zu Lëtzebuerg wieren et 7,9 Äerden (Lëtzebuerg ass domat Vizeweltmeeschter am Ressourcëverbrauch hannert dem Katar), an Däitschland 3, a Frankräich knapp 3 an an der Belsch 3,8 Äerden (2019, www.footprintnetwork.org).

D'BENU REUSE Visioun


BENU REUSE wëll haaptsächlech erreechen, dass Saachen, (Bau-)Materialien an Objeten, déi schonn do sinn, esou laang ewéi méiglech benotzt ginn... Mir bannen Etüden an d'Wësse vu Fachleit an, fir d'Offer vu gebrauchten Artikelen ze filteren. Tatsächlech mécht et Sënn, virun allem aus ekologescher Siicht, spezifesch Saachen, déi nach funktionéieren an/oder nach kéinte benotzt ginn, aus dem Verkéier ze huelen, well se e (potenziellen) Schued fir d'Leit an d'Ëmwelt verursaache kéinten. Am direkte Verglach wier et a verschiddene Fäll einfach besser, en neien, verbesserte Produit ze kafen. Mir vertrauen hei net op Emotiounen oder e gudde Wëllen, mee op fondéiert Etüden an d'Erfarung an d'Wësse vu Fachleit. Wann s Du Zweiwel hues, recommandéiere mir Dir, intakt Saachen esou laang ewéi méiglech ze benotzen.

Gebrauchte Baumaterialien, déi hätte sollen entsuergt ginn, oder alldeeglech Objeten a Materialien, déi nach ëmmer a guddem Zoustand sinn, ginn iwwer BENU REUSE vermëttelt, amplaz dass se op déi üblech Manéier géifen ewechgeheit ginn. Déi, déi eppes wëllen ofginn, fannen iwwer eng Plattform - eng Zort digital Maartplaz - Leit, déi drun intresséiert sinn, dës gebrauchten Objeten a Materialie weider ze gebrauchen. Erméiglecht gëtt:

  • de Weidergebrauch vu gutt erhalenen, alldeeglechen Objeten,
  • d'Reinstallatioun vu gebrauchtem Baumaterial a Baudeeler fir dee selwechten Zweck,
  • de kreative Weidergebrauch vu gebrauchte Materialien (méiglech Risiken) an den Iwwerreschter vun onbenotzte Materialien.

Duerch de Weidergebrauch vu benotzte Materialien an alldeeglechen Objete gi Rohstoffer, Energie, Emissiounen an Offall agespuert. Et gëtt manner nei produzéiert, manner ressourcenintensive Recycling a manner Deponieplaz gebraucht. Gläichzäiteg fënnt eng Sensibiliséierung fir méi ee bewosst Konsumverhalen an d'Offallvermeidung statt.

Mat BENU REUSE kréien esou wuel Privatpersounen, ewéi och Administratiounen an Entreprisen d'Méiglechkeet

  • ... intakt Saache weiderzeginn u Leit, déi se nach gebrauche kënnen;
  • ... Saachen ze fannen, déi nach an engem gudden Zoustand sinn an op de Kaf vun engem neien Objet ze verzichten;
  • ... Käschten ze spueren;
  • ... nohalteg ze handelen;
  • ... méi nohalteg Alternativen ze entdecken;
  • ... Entreprisen an Organisatioune kennenzeléieren, déi gebraucht, gefléckt an/oder geupcycelt Géigestänn unhuelen an/oder verkafen.

BENU REUSE entsprécht net nëmmen der Iddi vum Ëmweltschutz - REUSE erliichtert och de Portmonni vun der Persoun, déi ee gebrauchten Objet kritt. Bis op d'Fraise fir d’Liwwerung gëtt all Objet iwwer BENU REUSE gratis vermëttelt.

Eis Visioun ass déi vun engem bewossten Ëmgang mat Konsum an Objeten. Wéi vill méi wäertvoll wier eise Besëtz, wa mir méi bewosst, a mat méi Wëssen, Objeten eraussichen an och novollzéie kéinten, wéi aner Leit no eis vun nach vun dëse Saache profitéieren?

Wéi koum d'Iddi vum BENU REUSE?

Eng éischt Pilotkonstruktioun, de BENU PROVISORIUM, gouf op der Place de la Frontière zu Esch-Uelzecht gebaut. D’Eegenschafte vun dësem Gebai, wat Enn 2018 seng Dieren opgemaach huet, sinn: Null Offall, eng CO2-neutral Konstruktioun, eng lokal, natierlech Isolatioun, méi wéi 94% "Offall" am Bau selwer, esou ewéi ee komplette Verzicht op neit Baumaterial (Bitumen, Gips, Zement a Speis, Silikon,...). Nëmmen d'Schrauwe sinn nei ;)!

De Pionéiergeescht vun der Gemeng Esch-Uelzecht, déi eis net nëmmen de Site zur Verfügung gestallt, mee och de Projet BENU vun Ufank un generéis ënnerstëtzt huet, soll hei ënnerstrach ginn. Mir soen der Gemeng Villmools Merci fir hir super Ënnerstëtzung!

D’BENU Gebaier goufen aus demontéierte Materialie vun anere Bauprojeten, ofgerappten Haiser, Iwwerreschter vun Entreprisen, gebrauchtem Baumaterial, Metall an Holz, gebrauchte Fënsteren an Diere gebaut. Och d’Bannenariichtung an d’Fassade goufe mat Hëllef vun UpCycling aus Gebrauchsgéigestänn an ënnerschiddlechstem Offall zesummegesat... Niewent Zero Waste, ass d'Konstruktioun och CO2-neutral an d'Isolatioun aus engem erneierbare Rohstoff, dee "Miscanthus" genannt gëtt.

Kreativitéit, sozial Kohesioun, Participatioun: Ënnert der Leedung vu professionelle Kënschtler:inne gouf mat méi ewéi 140 Benevollen an Intresséierte vun no a wäit (ewéi beispillsweis aus Holland, vu wou extra eng Jugendgrupp koum, fir eng Woch um Designprojet matzeschaffen) geschafft, gebastelt an entworf -  och Jugendlecher aus enger regionaler Erzéiungs-Institutioun hu matgemaach. Wärend Méint gouf am Kader vun dësem Participatiounsprojet en eenzegaartege Baussendesign erschaf, dee Geschichten iwwer sozial Kohesioun erzielt, deen den enorme Konsum vu Ressourcen an den industrialiséierte Länner dokumentéiert an d'Erënnerunge vun de Participanten integréiert (Spillsaachen, Turnschong, Placken, Telleren aus Den Haag, Unhänger vun enger bekannter Rockgrupp a vill méi).

Den éischte BENU Buttek huet seng Dieren den 1. Dezember 2018 am BENU PROVISORIUM opgemaach. Hei ginn haaptsächlech Kreatioune vu BENU COUTURE verkaf, déi an engem Atelier um éischte Stack vum Gebai mat professionellen Designer:innen a Schneider:innen entworf a produzéiert ginn. Dës Kreatioune sinn UpCycling Moud aus gebrauchtem Stoft vu Gezei, wat d'Leit aus der Regioun bei eis ofginn hunn.

Beim Sammele vu Baumaterial fir eist Pilotgebai BENU PROVISORIUM a bei de Virbereedunge vum BENU VILLAGE - dem éischten Ekoduerf an der Groussregioun - koume mir an de Kontakt mat Entreprisen, Privatpersounen an Organisatiounen, déi eis gebraucht Material fir eis Projete ginn hunn.

Firwat schaffen Entreprisen mat eis?

Sécher, si spueren d’Entsuergungskäschten. Wëll dës awer un d'Clientë weidergeleet ginn, sinn et virun allem Entrepreneuren:eusen, déi sech eiser Erfarung no iwwert de Konsum an déi deeglech Entsuergung vun deels qualitativ héichwäertege Produiten a Materialie Gedanke maachen. Si akzeptéieren déi zousätzlech Aarbecht, gutt Material op d'Säit ze leeë fir dass et fir weider ka gebraucht ginn. Mir soen all engagéierter Entreprise a Privatpersoun e grousse Merci fir dës zousätzlech Méi.

Et goufen och konkret Bedierfnesser un eis erubruecht: mir brauchen e puer Fënstere fir eng Zär am Gaart, Glieser fir selwer gemaacht Gebeess...

Bis dohinner hu mir all Ufro individuell veraarbecht, vill telefonéiert, geschriwwen a gepost. Wéinst de ville positiven Erfarungen an dem Bewosstsinn, wéi wichteg et ass, Materialien am Sënn vun enger nohalteger Kreeslafwirtschaft nach eng Kéier ze benotzen, ass BENU dem Wonsch, d’Iddi vum REUSE auszebauen, nogaangen. Mir wollten d'Erfarungen net just fir eis selwer halen a se just fir eis eege Projete gebrauchen. All intresséiert Persoun soll d'Méiglechkeet kréien, matzemaachen ...

Lëtzebuerg schafft aktiv un der Entwécklung an dem Ausbau vun Tauschplazen, z.B a Form vun Tauschbutteker op de Recyclingszenteren ... Mir sinn awer domat keng Pionéier. Deelweis hu mir e grousse Réckstand op aner europäesch Länner, déi esou Konzepter deels scho viru ville Joren erfollegräich ëmgesat hunn. BENU géif gär aktiv ënnerstëtzen, Zäit ophuelen. BENU REUSE presentéiert sech ausdrécklech als innovativ Ergänzung zu lokalen Offallpreventiounsinitiativen.

Fir de Projet esou séier ewéi méiglech unzefänken, hu mir eis op der Sich no enger zilorientéierter, pragmatescher Léisung ëmfrot an de Projet presentéiert. Bei der Fondatioun André Losch si mir op vill Interessi gestouss. Kuerzfristeg krute mir d'Méiglechkeet, de Projet komplett ëmzesetzen:

  • Entwécklung vun enger neier Internetplattform mat villen Hannergrondinformatiounen,
  • Astellung vun zwee Leit, wouvun eng op der Sich no sozialer Stabilitéit war,
  • Acquisitioun vun engem Liwwerwon, deen et eis erméiglecht huet, Weeër ze optimiséieren an den CO2-Foussofdrock ze reduzéieren.

E grousse Merci un d'Fondatioun André Losch fir déi onbürokratesch Ënnerstëtzung, de Courage a Pionéiergeescht, deen et eis erméiglecht, zesumme mat der Bevëlkerung en aktive Bäitrag zum Klimaschutz ze leeschten an de Projet BENU REUSE ze starten.

Firwat bei BENU REUSE matmaachen?

Matmaache soll jiddereen, deen en Ënnerscheed wëll maachen a sech net mat léif gemengten, awer offensichtlech ongenügende Gesten, offanne kann.

Meng Virdeeler als Ubidder:in
Ech gi mengen nach ëmmer gutt erhalenen Objeten a Materialien d'Perspektiv, weider benotzt ze ginn. Zousätzlech kann ech mech mat einfachen a verständlechen Texter driwwer informéieren, wat ech an Zukunft vermeide ka fir onnéideg an deels gëftegen Offall reduzéieren oder esouguer ganz vermeiden ze kënnen. Mee wat soll ech mat mengem ganze Reschtmaterial maachen? Och dorop fannen ech d’Äntwert op benureuse.lu. Wann eng intresséiert Persoun fir mäin Objet fonnt gouf, këmmert BENU sech ëm den Transport. Alles ass gratis fir mech. Dëst spuert Zäit, ech brauch net bei de Recyclingszenter ze fueren, ech vermeiden eventuell Entsuergungskäschten an ech kann eppes Guddes fir eng aner Persoun maachen. En aktive Bäitrag zur Nohaltegkeet.

Meng Virdeeler als intresséiert Persoun:
Ech gi bei menger Sich no Objeten a Materialien ënnerstëtzt. Ech kommen op benureuse.lu. mat Leit a Kontakt, déi Saache wëllen ofginn. Objeten a Materialie kréien ech gratis, ech leeschte just ee symbolesche Bäitrag zu de Liwwerkäschten. Domat spueren ech am Verglach zu engem Neikaf immens vill. Ass et net de Fall, dass vill Leit sech gutt fillen, wa se Saachen "richteg" entsuerge fir se ze "recycléieren"?! Awer wie vun eis sicht wierklech bewosst a reegelméisseg no Produiten, déi dës Recyclingsmaterialien enthalen? Als Benotzer:in vu gebrauchten Objeten a Materialie vermeide mir en "Re-" an / oder Downcycling (Veraarbechtung vun engem Produit, bei där d’Qualitéit reduzéiert gëtt) a leeschten domat ee wichtegen, aktive Bäitrag zu enger effizienter Nohaltegkeet.

Virdeeler fir Entreprisen an ëffentlech Strukturen: Ech verbessere mäin nohaltegen Image a gi menger Verantwortung fir d' Gesellschaft an der Äerd gerecht. Ech reduzéieren och meng Entsuergungskäschten.


BENU REUSE - E Pilotprojet

BENU REUSE ass keng einfach Plattform, mä éischter en innovativen a längst iwwerfällege Pilotprojet zu a fir Lëtzebuerg. Gäre baue mir de Projet zu engem spéideren Zäitpunkt iwwer déi territorial Grenzen eraus aus. Zousätzlech kënne mir eis gutt virstellen, BENU REUSE an eng méi grouss Struktur anzebannen, esoubal dës disponibel sollt sinn.

Politesch positionéiert BENU REUSE sech ausdrécklech als Zousaz, als Ergänzung zu den aktuellen an ugekënnegten Initiativen a weideren Entwécklungen op Basis vun den EU- Direktiven an dem lokalen Offallgesetz.

Mir léiere bäi, mir entwéckele weider. Participativ.

Als Pilotprojet ass BENU REUSE an der Testphas a gëtt kontinuéierlech weiderentwéckelt. Dëst beinhalt d'Adaptatioun vun de Krittären, falls sech Bedierfnesser änneren oder nei Erkenntnisser opkommen. Mir invitéieren Dech, mat eis ze diskutéieren an nei Informatiounen anzebréngen. Hëllef eis, eis Informatiounen, déi op de Gesetzer an unerkannten, onofhängegen Etüde baséieren, ze komplettéieren!


REUSE als Deel vun enger Gesamtstrategie

reduce > reuse / repair / share > recycle


reduce (Englesch: Reduzéierung, Vermeidung): Duerch d'Vermeide schleeft een automatesch manner Dreck an d'Haus. De meeschten Dreck vermeit een, andeems een onnéideg Saachen (z.B. onnéideg Verpackungen an Tuten) einfach ofleent. Wat mir manner verbrauchen, wat manner produzéiert a spéider entsuergt muss ginn.

reuse / repair / share: Et ass ideal, wann d'Saachen esou laang ewéi méiglech benotzt ginn. Dofir ginn et vill Méiglechkeeten: weiderginn, deelen, tauschen, lounen, flécken, gebraucht kafen a weider gebrauchen (Englesch: ReUse). Beim UpCycling verännere mir d'Saachen esou, dass hire Wäert erhéicht gëtt, z.B. andeems mir aus alen, almoudesche Miwwelen nei, modern a qualitativ héichwäerteg Miwwele produzéieren.

recycle: Alles wat trotz der Ofleenung, Reduzéierung an dem Weidergebrauch nach ëmmer a Form vu net brauchbarem Material ufält, lant am Reschtoffall (Deponie oder Verbrennung) oder kann deelweis am Recyclingszenter ofgi ginn. Déi do gesammelt, getrennte Materialie ginn zu engem Groussdeel verbrannt (d'Verbrennung däerf als "Recycling" deklaréiert ginn, wann Energie an dësem Prozess generéiert gëtt). Am anere Fall gëtt ge-down-cycelt, d.h. weiderverschafft, andeems d’Qualitéit reduzéiert gëtt (och dëse Prozess gëtt als “Recycling” deklaréiert). Nëmmen en Deel gëtt tatsächlech am enke Sënn vum Wuert re-cycléiert.

Beispill Plastik: 2% vum Plastik, dee weltwäit gesammelt gëtt, gëtt re-cycléiert, 7% gëtt ge-down-cyclet an 91% landen op Deponien, op eise Felder an zu engem groussen Deel am Mier.

Zu Lëtzebuerg gëtt Reschtoffall bal komplett verbrannt. An anere Länner, wéi z.B. a Portugal, Spuenien oder Griicheland, gëtt méi ewéi d'Hallschent vum Reschtoffall deponéiert.


Stéchwuert ZERO WASTE: "Zero Waste heescht "keen Dreck a keng Verschwendung ". Et geet drëm, säin eegenen Offall ze reduzéieren an onnéideg Verschwendung ze minimiséieren. De Leedungsprinzip sollt sinn: Reduce, Reuse, Recycle. Also de Konsum reduzéieren a vermeiden. Saachen, déi schonn do sinn, méi laang notzen, Gebrauchtes ze kafen an net benotzte Saachen ofzeginn. An nëmmen op der drëtter Plaz steet de Recycling. Recycling ass wichteg, awer et verbraucht ëmmer Energie a funktionéiert leider net op eng zefriddestellend Manéier." (Interview mam Olga Witt, Auteurin vum " Ein Leben ohne Müll ")

Dir kënnt méi iwwer ZERO Waste op zero-waste.lu an null-offal-letzebuerg gewuer ginn.

REUSE an d'Konsumverhalen

Eist Zil: Sensibiliséierung zum Thema Offallvermeidung a méi bewosstem Konsumverhalen. Wat brauch ech wierklech? Muss et nei sinn? Kann ech eppes flécken, veränneren an/oder weider benotzen?

Wann ech nei Saache kafen, denken ech och un den zukünftege Prozess: Ass de Géigestand laang benotzbar, kann een e flécken? Kann den Artikel nach eng Kéier benotzt oder recycléiert ginn? Ass um Enn vum Zyklus eng méi nohalteg, vläicht esouguer onschiedlech Entsuergung méiglech? Besonnesch d'Ingredienten, d'Zesummesetzung an d'Veraarbechtung (gëtt zum Beispill op Materialien verzicht, déi ontrennbar matenee verbonne sinn, zesumme gepecht sinn an nëmme mat groussem Opwand oder - ewéi an deene meeschte Fäll - guer net recycelt kënne ginn?) sinn hei entscheedend.

Nohalteg Wueren hale laang, kënnen nach eng Kéier benotzt an och gefléckt ginn, bestinn aus trennbare Materialien, déi weider kënne benotzt, recycléiert oder sécher entsuergt ginn (kuckt Cradle2Cradle Prinzip). Wichteg, obschonns oft vergiess, sinn och sozial Aspekter: wou a wéi gouf den Objet oder d'Material hiergestallt? Wou a wéi goufen déi eenzel Elementer am Produit produzéiert? Gëlle mënschewierdeg Produktiouns-, Veraarbechtungs-, Transport- a Verdeelungskonditiounen?


Firwat ginn op BENU REUSE och Artikele vermëttelt, déi net de Critèrë vun nohaltege Wueren entspriechen?

Mir hunn decidéiert, eis Krittäre fir d'Vermëttlung vu gebrauchten Objeten a Materialien esou breet ewéi méiglech ze halen. Duerch de Weidergebrauch vu gutt erhalenen Objete kann de Kaf vun neie Produiten, zesumme mam Verbrauch vu Ressourcen a vun Energie, vermidde ginn.

Objeten, déi Gesondheetsschied verursaachen oder eng exzessiv Ëmweltverschmotzung (z.B. ze héijen Energieverbrauch) verursaachen, si vun enger Vermëttlung ausgeschloss (Stéchwuert Energieaarmut (*)). Du fënns déi betreffend Krittären am Kapitel KRITTÄREN op dëser Websäit. Diskutéier mat eis! Wann s Du zousätzlech Etüde kenns, registréier Dech a gëff aktive BENU REUSE Brain Member.

(*) Wat ass Energiearmut? A Groussbritannien ginn déi Stéit als energieaarm ugesinn, déi méi ewéi zéng Prozent vun hirem Akommes un Energiekäschten ausgi missten, fir dem Hëtztstandard vun der Weltgesondheetsorganisatioun gerecht ze ginn an de weideren noutwennegen Energiebedarf (virun allem Elektrizitéit) ze decken.

Feel-good Faktor

Jo, Du dierfs - nee - Du solls Dech gutt fillen, wann s Du matméchs an hëllefs, d'Ressourcëverschwendung an den Offall ze reduzéieren. Tipptopp!

Bei BENU erliewe mir awer oft, dass d'Leit nëmme Saache wëlle lassginn, eis Kleeder ginn, an eventuell och schéi Saachen hei op BENU REUSE ubidden - mee dann direkt nees hirem gewinnte Konsumverhalen noginn. Loosst eis kloer soen: mir änneren näischt, wa mir eist Konsumverhalen net (bedeitend) änneren.

Dofir: Participatioun ass super! Säi Konsumverhalen änneren, d.h. gutt Saachen ofginn, de Kaf vu neie Saachen reduzéieren, gebrauchten Artikelen fërderen an nofroen (z.B. och hei op BENU REUSE), flécken, tauschen a verschenken... Dat ass wierklech nohalteg, a representéiert ee wichtege Bäitrag zur Nohaltegkeet. Esou komme mir virun!

<span>BENU REUSE </span> Kritären

BENU REUSE Kritären

Net all, awer ganz vill, gebrauchte Saache kënne weiderginn oder iwwer BENU REUSE gesicht ginn. Hei kanns du erausfanne wéi eng Saache weidergi ginn a wéi eng aus der Vermëttlung ausgeschloss sinn.

Ech wëll méi wëssen
<span>REUSE</span> Service

REUSE Service

Vill maache mat! Hei fënns du Organisatiounen, Initiativen a Firmen déi eng grouss Varietéit u gebrauchte Saachen akzeptéieren, weiderginn, reparéieren oder vermëttelen. Looss dech iwwerraschen!

Ech wëll méi wëssen

Hues du nach Froen?

Da kontaktéier eis!

Ech kontaktéieren de BENU REUSE

All d'Informatiounen

iwwer BENU REUSE