Bei BENU REUSE matzemaache gëtt Dir d'Méiglechkeet, Däi perséinleche BENU REUSE Badge ze kréien. Mir schécken Dir dëse Badge als PDF-Datei. Mir markéieren Däi Pseudonym och op www.benureuse.lu mam Badge, fir dass aner Participanten Dech als aktiv TopUser:in oder Fachpersoun erkennen.
BENU REUSE Brain
Da maach mat a verdéng Dir de BENU REUSE Brain Badge! Zesumme wäerte mir eng exemplaresch Vermëttlungsplattform mat engem gudden Nohaltegkeetshannergrond designen!
BENU REUSE TopUser
Esoubal s Du bannent engem Joer fënnef Offeren oder Ufroen un de BENU REUSE ofginn hues, kriss Du de BENU REUSE TopUser Badge! Loosst eis zesumme beweisen, dass mir mat gebrauchte Saachen eppes beweege kënnen!
All BENU Badge gëllt fir ee Joer. Wann s Du eppes iwwer Däi BENU Badge nofroe wëlls, kontaktéier eis!
Ech kontaktéieren de BENU REUSE
Wëlls Du BENU bei Service matmaachen?
BENU Service ass eng Oplëschtung vu karitativen, ëffentlechen a kommerziellen Organisatiounen, Initiativen, Institutiounen a Firmen zu Lëtzebuerg, déi gebraucht Artikelen am REUSE Beräich akzeptéieren, weiderginn, flécken oder vermëttelen. Du fënns hei all wichteg Informatiounen, ewéi Adress, Kontaktdetailer an ugebuede Servicer.
Mir si frou iwwer déi vill Partner:innen, déi elo scho matmaachen! Schaffs Du och am REUSE Domaine, a wëlls Partner:in vum REUSE Service ginn? Da kontaktéier eis!
Ech kontaktéieren de BENU REUSE