Gepost, vermëttelt a geliwwert mat BENU REUSE
Hei entdecks Du geschwënn eis BENU REUSE Camionnette!
Mat der generéiser Ënnerstëtzung vun der Fondation André Losch ka BENU REUSE eng eege Camionnette kréien, fir déi vermëttelt Saache sécher a propper vun enger Plaz op déi aner ze bréngen!
Leider ass awer och dëst Gefier Affer vu Liwwerproblemer, esou dass mir fir de Moment (bis Enn 2021) nach op d'Locatioun vun enger Camionnette ugewise sinn.
Mir freeën eis awer schonn drop, Dir eis nei BENU REUSE Camionnette geschwënn hei presentéieren ze kënnen!
Fir dass Du schonn eng Iddi dovu kriss, wéi eng Dimensiounen ongeféier wäerte kënnen transportéiert ginn, ass hei e klenge Guide mat Informatiounen:
D'Objeten däerfen d'Dimensioune vu 3m x 2m x1m wa méiglech net iwwerschreiden. Fir dass zwee Leit Däin Artikel droe kënnen, däerf dësen net méi ewéi 50kg weien. Natierlech kann Däin Artikel och am demontéierten Zoustand geliwwert ginn, wann dëst den Transport méi einfach mécht. Du fënns Informatiounen iwwer den Transport vun ofgebauten Objeten hei.
BENU REUSE Kritären
Net all, awer ganz vill, gebrauchte Saache kënne weiderginn oder iwwer BENU REUSE gesicht ginn. Hei kanns du erausfanne wéi eng Saache weidergi ginn a wéi eng aus der Vermëttlung ausgeschloss sinn.
Ech wëll méi wëssenREUSE Service
Vill maache mat! Hei fënns du Organisatiounen, Initiativen a Firmen déi eng grouss Varietéit u gebrauchte Saachen akzeptéieren, weiderginn, reparéieren oder vermëttelen. Looss dech iwwerraschen!
Ech wëll méi wëssen