Entdeck d'Welt vu BENU

Entdeck d'Welt vu BENU

BENU VILLAGE ESCH ASBL

BENU VILLAGE ESCH ASBL

Dat éischt Ekoduerf an der Groussregioun, dat all d'BENU Aktivitéite (Restaurant, Buttek, Konscht) regruppéiert. Mir organiséiere participativ, kreativ a pedagogesch Aktivitéite ronderëm Theeme vun der sozial-ekologescher Kreeslafwirtschaft. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Dat éischt Ekoduerf an der Groussregioun, dat all d'BENU Aktivitéite (Restaurant, Buttek, Konscht) regruppéiert. Mir organiséiere participativ, kreativ a pedagogesch Aktivitéite ronderëm Theeme vun der sozial-ekologescher Kreeslafwirtschaft. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU VILLAGE SIS

BENU VILLAGE SIS

Eng Gesellschaft mat beschränkter Verantwortung, déi de Prinzippie vun der Sozial- a Solidarwirtschaft entsprécht. BENU Village SIS representéiert BENU um private Marché an encouragéiert privat Patrone/onnë sozial-ekologesch Aspekter an hire Betriber ëmzesetzen. Eng nei Internetsäit wäert am Hierscht 2022 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Eng Gesellschaft mat beschränkter Verantwortung, déi de Prinzippie vun der Sozial- a Solidarwirtschaft entsprécht. BENU Village SIS representéiert BENU um private Marché an encouragéiert privat Patrone/onnë sozial-ekologesch Aspekter an hire Betriber ëmzesetzen. Eng nei Internetsäit wäert am Hierscht 2022 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU SLOOW

BENU SLOOW

Well Ernärung a Liewensmëttelverschwendung Theeme sinn, déi eis um Häerze leien, hu mir BENU SLOOW gegrënnt. Den éischte "Rescued Food" Restaurant an der Groussregioun, bitt eng Bio-Kichen un, originell a virun allem nohalteg! Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Hierscht 2022 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Well Ernärung a Liewensmëttelverschwendung Theeme sinn, déi eis um Häerze leien, hu mir BENU SLOOW gegrënnt. Den éischte "Rescued Food" Restaurant an der Groussregioun, bitt eng Bio-Kichen un, originell a virun allem nohalteg! Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Hierscht 2022 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU COUTURE

BENU COUTURE

Dëst ass den éischten UpCycling-Schneideratelier zu Lëtzebuerg! Mir bidden eenzegaarteg Stécker un, déi zu Lëtzebuerg aus alem Gezei entworf a produzéiert ginn. BENU COUTURE, dat si lëschteg, faarweg an uspriechend Kleedungsstécker fir Kanner an Erwuessener vun XS bis 5XL. Du kanns Deng Kleeder och no Dengen eegenen Iddie modifizéieren!
Dëst ass den éischten UpCycling-Schneideratelier zu Lëtzebuerg! Mir bidden eenzegaarteg Stécker un, déi zu Lëtzebuerg aus alem Gezei entworf a produzéiert ginn. BENU COUTURE, dat si lëschteg, faarweg an uspriechend Kleedungsstécker fir Kanner an Erwuessener vun XS bis 5XL. Du kanns Deng Kleeder och no Dengen eegenen Iddie modifizéieren!

BENU REUSE

BENU REUSE

Du wëlls gebrauchte Miwwelen oder Géigestänn verschenken? Du sichs e bestëmmten Objet? Entdeck déi nei Plattform BENU REUSE, déi d'Spende vu gebrauchte Miwwelen a Géigestänn a Lëtzebuerg vereinfacht. D'BENU REUSE Ekipp këmmert sech ëm alles! Mir kommen Deng gebrauchte Saache gratis sichen an transportéiere se bei hir nei Besëtzer:innen. Méi dozou hei:
Du wëlls gebrauchte Miwwelen oder Géigestänn verschenken? Du sichs e bestëmmten Objet? Entdeck déi nei Plattform BENU REUSE, déi d'Spende vu gebrauchte Miwwelen a Géigestänn a Lëtzebuerg vereinfacht. D'BENU REUSE Ekipp këmmert sech ëm alles! Mir kommen Deng gebrauchte Saache gratis sichen an transportéiere se bei hir nei Besëtzer:innen. Méi dozou hei:

BENU LaSA

BENU LaSA

Du stells UpCycling-Kreatiounen hier? Du wëlls lokal Kënschtler:inne kenneléieren, déi am Beräich vum UpCycling schaffen? BENU LaSA, am Zentrum vum BENU VILLAGE, ass déi perfekt Plaz fir Deng nohalteg Kreatiounen ze presentéieren, Dech z'inspiréieren an ongewéinlech Kënschtler:innen z'entdecken. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Du stells UpCycling-Kreatiounen hier? Du wëlls lokal Kënschtler:inne kenneléieren, déi am Beräich vum UpCycling schaffen? BENU LaSA, am Zentrum vum BENU VILLAGE, ass déi perfekt Plaz fir Deng nohalteg Kreatiounen ze presentéieren, Dech z'inspiréieren an ongewéinlech Kënschtler:innen z'entdecken. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU FORM

BENU FORM

Well UpCycling net just Kleedung concernéiert, mee wäit doriwwer eraus geet! BENU FORM entwërft a bitt eenzegaarteg Miwwelen un, déi aus ale Miwwele geupcycelt sinn déi soss um Tipp gelant wieren. All d'BENU FORM Kreatioune fënns du am BENU VILLAGE. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Well UpCycling net just Kleedung concernéiert, mee wäit doriwwer eraus geet! BENU FORM entwërft a bitt eenzegaarteg Miwwelen un, déi aus ale Miwwele geupcycelt sinn déi soss um Tipp gelant wieren. All d'BENU FORM Kreatioune fënns du am BENU VILLAGE. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU BREAK

BENU BREAK

Brauchs Du eng Paus fir Dech ze erhuelen, Dir Zäit ze huelen oder Dech z'inspiréieren? Wéi wier et, e puer Deeg bei BENU BREAK ze verbréngen, dat eenzegt Hotelszëmmer am BENU VILLAGE? Eng rätselhaft, frëndlech an eenzegaarteg Plaz, einfach ideal. Eng nei Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:
Brauchs Du eng Paus fir Dech ze erhuelen, Dir Zäit ze huelen oder Dech z'inspiréieren? Wéi wier et, e puer Deeg bei BENU BREAK ze verbréngen, dat eenzegt Hotelszëmmer am BENU VILLAGE? Eng rätselhaft, frëndlech an eenzegaarteg Plaz, einfach ideal. Eng nei Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

FAQ Oft gestallte Froen

Hei kriss Du Äntwerten op Deng Froen


Du kanns BENU REUSE bäitrieden, wann s Du zu Lëtzebuerg wunns oder fir eng Firma, Organisatioun oder Institutioun mat Sëtz zu Lëtzebuerg schaffs. Mir transportéieren déi gebrauchten Artikele vun a bis op all Adress zu Lëtzebuerg.

Hues Du Saachen, déi s Du net méi brauchs? Sichs Du no engem Objet oder bestëmmte Materialien? Egal, ob se nei oder gebraucht sinn - Deng Saache kënne vermëttelt ginn, wann se nach ëmmer an engem gudden Zoustand, schéin a propper sinn. Well BENU REUSE näischt fléckt oder korrigéiert, verkafe mir normalerweis nëmmen Artikelen, déi funktionell sinn, déi also net musse gefléckt ginn an déi direkt kënne gebraucht ginn. Objeten, déi misste gefléckt ginn, gi just vermëttelt, wann eng intresséiert Persoun ausdrécklech iwwer eng Sichannonce dono sicht. Eng zerkraazt CDe kéint beispillsweis un eng intresséiert Persoun vermëttelt ginn, wann dës Persoun se fir en Handwierksprojet bräicht.



Mir iwwerhuelen den Transport vum/vun der Ubidder:in bis bei déi intresséiert Persoun. Dofir mussen d'Objete vun der Gréisst hier an d'BENU REUSE Camionnette passen, a musse vun zwee Leit aus eisem Team kënne gedroe ginn. Méi grouss Objeten, ewéi zum Beispill Miwwelen, kënne virum Transport ofmontéiert ginn. Du fënns hei eis Recommandatiounen zu enger korrekter Virbereedung vun den Objeten op den Transport.

Wann s Du no engem eenzelen, klengen Objet sichs oder dëse wëlls vermëttelen, sollts Du Dir iwwerleeën, ob et sënnvoll ass, dësen iwwer BENU REUSE weiderzeginn. Mir probéieren ëmmer, déi néideg Transportroute fir déi verschidde Liwwerungen op déi beschtméiglech Manéier ze koordinéieren. Trotzdeem kéint den Opwand, deen néideg wier, fir ee klengen, eenzelen Artikel ze transportéieren, onverhältnesméisseg grouss sinn. Am Fall vun engem eenzelen, klenge Käerzestänner, wier et beispillsweis vläicht méi sënnvoll, dësen an engem Occasiounsbuttek bei Dir an der Ëmgéigend ofzeginn.


Mir applizéiere méi streng Norme fir d'Vermëttlung vu Géigestänn, déi zu spezifesche Kategorië gehéieren. Baumaterial, wat zum Beispill mat schiedleche Substanze kontaminéiert ass, sollt net nach eng Kéier gebraucht, mee richteg entsuergt ginn. Bei engem elektroneschen Apparat kann et och vum Alter an der Energieeffizienz vun engem Modell ofhänken, ob ee weidere Gebrauch nach sënnvoll wier. 


Du fënns alles, wat s Du doriwwer wësse muss an den zousätzlechen Informatiounen. Hei erkläre mir Dir och, firwat verschidde Saache vun enger Vermëttlung ausgeschloss sinn, a wourop s Du solls oppassen, wann dës Saache weider benotzt ginn.

Verschidde Saachen - ewéi Kleeder, Textilien, Pelz, Schong an Iessen - ginn net iwwer BENU REUSE vermëttelt. Hei gëss du méi doriwwer gewuer.

Well BENU REUSE näischt fléckt oder ausbessert, gi mir normalerweis keng Saache weider, déi nach gefléckt misste ginn an net direkt weider kënne benotzt ginn. Artikelen, déi gefléckt musse ginn, gi just vermëttelt, wann eng intresséiert Persoun ausdrécklech an enger Sichannonce no dëse sicht.


Fir verschidden Objete rode mir allgemeng wéinst der Ëmweltverschmotzung vum Weidergebrauch of, z.B. am Fall vun alen Eisebunnsschinnen. An eisen zousätzlechen Informatiounen kanns Du erausfannen, wéi eng Saachen dat am Detail sinn. Hei erkläre mir Dir och, firwat verschidden Objeten net vermëttelt ginn. Mir ginn Dir och Tipps dozou, wat s Du mat dëse Saache maache kanns a verweisen op Adressen, déi s Du kontaktéiere kanns.

Wann Däin Objet net iwwer BENU REUSE vermëttelt gëtt, da kuck eng Kéier bei REUSE Service no. Hei fënns Du vill Organisatiounen, Initiativen a Firmen, déi benotzt Saachen akzeptéieren, flécken oder vermëttelen.

Wann s Du d'Saachen ofgëss, wäert eis BENU REUSE Ekipp den Zoustand vun dëse Saachen ënnersichen. Am Fall vun offensichtleche Mängel (wann zum Beispill Geräter raschteg sinn), Schied oder enger Verletzung vun den allgemenge BENU REUSE Krittären, kann d'BENU REUSE Ekipp Deng Saachen net mathuelen.


Well d'Objete gebraucht sinn, kënne mir trotz dëser Inspektioun net garantéieren, dass dës fräi vu Mängel, funktionell, fräi vu schiedleche Substanzen a vollstänneg sinn. Mir kënnen och d'Korrektheet vun den Informatiounen iwwer den ursprénglechen Zweck oder der fréierer Handhabung vun de vermëttelte Saachen net garantéieren.


Besonnesch am Fall vun elektroneschen Apparater, ewéi zum Beispill Haushaltsapparater oder Luuchten, recommandéiere mir Dir, dës vu Spezialist:innen iwwerpréiwen ze loossen, ier s Du se fir d'éischt benotz. A gewësse Fäll kann et och wichteg sinn, e Material op Schuedstoffer z'analyséieren - besonnesch wa gebraucht Baumaterial oder Elementer dovun am Banneberäich solle gebraucht ginn. Wann s Du onsécher bass, sollts Du op eng professionell Berodung vertrauen.

Prinzipiell sollts Du benotzt Objeten a Material just dem ursprénglechen Zweck entspriechend gebrauchen. Du sollts Dir bewosst sinn, dass ee Gebrauch, deen net dësem Zweck entsprécht, ongewollt schiedlech Konsequenze kéint hunn. Holz, wat beispillsweis bausse gebraucht gouf, sollt an Zukunft net banne gebraucht ginn. Outdoor-Holz gëtt dacks mat Faarwen, Glasuren oder Holzkonservative behandelt, déi net fir de Banneberäich geduecht sinn an do kéinte gesondheetsschiedlech Konsequenze mat sech bréngen.

Fir dass Du als intresséiert Persoun méiglechst korrekt Informatiounen zu Dengem Objet kriss, gëtt den/d'Ubidder:in opgefuerdert, detailléiert Informatiounen zum Alter, dem Zoustand, dem fréiere Gebrauch an der fréierer Behandlung vum Objet matzedeelen. Du fënns déi relevant Informatiounen och ënner der jeeweileger Beschreiwung vum Artikel.


Besonnesch am Fall vun elektroneschen Apparater, ewéi zum Beispill Haushaltsapparater oder Luuchten, recommandéiere mir Dir, dës vu Spezialist:innen iwwerpréiwen ze loossen, ier s Du se fir d'éischt benotz. A gewësse Fäll kann et och wichteg sinn, e Material op Schuedstoffer z'analyséieren - besonnesch wa gebraucht Baumaterial oder Elementer dovun am Banneberäich solle gebraucht ginn. Wann s Du onsécher bass, sollts Du op eng professionell Berodung vertrauen.

Hues Du ee gebrauchten Artikel, dee s Du net méi brauchs a vermëttele wëlls?
 Wiel déi entspriechend Kategorie ënner der Funktioun "ECH BIDDEN UN" eraus. Hei kanns Du kucken, wéi eng Saache momentan an dëser Kategorie gesicht ginn. Vläicht gëtt et schonn eng Sichannonce, déi op Däin Artikel passt? Du kanns dësen hei ubidden. D'Annonce fir een Don kann awer och direkt iwwer de Knäppchen "Ech publizéieren eng Annonce fir een Don" verëffentlecht ginn.


Fir Däin Objet erfollegräich ze vermëttelen, brauche mir verschidden Informatioune vun Dir:


Sprooch

D'Websäit kann a véier Sproochen - op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch - besicht ginn. All d'Schlësselwierder, dorënner d'Kategorien (z.B Miwwelen, Baumaterial) an d'Ënnerkategorien (z.B Fënsteren, Wunnzëmmer) sinn an deene véier Sproochen op der Websäit disponibel. Wiel w.e.g. eng vun dëse Sproochen eraus, fir Deng Annonce fir een Don ze beschreiwen. Wa méiglech, probéier rechtschreiflech Feeler a komplizéiert Ausdréck ze vermeiden, fir d'Erëmfanne vun Denger Annonce ze vereinfachen.


Kategorie

Wiel w.e.g. d'Kategorie an eng Ënnerkategorie eraus, an där s Du Däin Objet ubidde wëlls. D'Krittären, déi Däin Objet erfëlle muss, sinn hei opgelëscht. Kontrolléier w.e.g., ob Däin Objet ka vermëttelt ginn.


Titel

Gëff eis eng kuerz, präzis Beschreiwung vun Dengem Objet als Titel. E gutt formuléierten Numm mécht et méi einfach, den Artikel mat der Sichfunktioun erëmzefannen. Et ass hëllefräich, eng einfach awer och spezifesch Bezeechnung ze benotzen, ewéi zum Beispill "Kleederschaf aus Massiv-Holz" amplaz "Kleederschaf".


Fotoen

Fotoen ergänzen Deng Beschreiwung a suerge fir Opmierksamkeet. Eng Foto soll Däin Objet komplett weisen - da kanns du nach zousätzlech Fotoen eroplueden, déi Detailer oder aner Perspektiven illustréieren. D'Fotoe sollen an enger gudder Qualitéit sinn, an deen ugebuedenen Artikel soll kloer erkennbar sinn. D'Erfarung weist, dass interesséiert Parteie léiwer eng Annonce mat schéine Fotoe kucken.


Detailer

Formuléier w.e.g. eng kuerz Beschreiwung vun Dengem Objet. Ofhängeg vun der gewielter Kategorie gëss Du och verschidden Informatioune gefrot, ewéi zum Beispill d'Unzuel, d'Dimensiounen, d'Material, den Alter, de fréiere Gebrauch an d'Behandlung vun Dengem Artikel. Verschidden Detailer sinn obligatoresch, well se fir eng Vermëttlung wichteg sinn an essentiell Informatioune fir déi intresséiert Persoun enthalen. Du kanns och gäre weider Detailer zur Verfügung stellen, vun deenen s Du denks, dass se zu enger präziser Beschreiwung gehéieren. Wat s Du Däin Objet méi präzis beschreifs, wat d'Chancen op eng erfollegräich Vermëttlung besser sinn. Probéier esou einfach a verständlech ewéi méiglech ze schreiwen.


Pick-up Adress

Kontrolléier w.e.g, dass déi Adress, wou den Objet soll ofgeholl ginn, och korrekt a komplett ass. Wann et eppes Besonnesches op der Adress ze berécksiichtege gëtt, ewéi zum Beispill eng schmuel Strooss, da so eis Bescheed. Maach Dir keng Suergen - weder Deng Adress, nach Däin Numm ginn un déi intresséiert Persoun oder aner Leit weiderginn.


Transport Informatiounen

Gëff w.e.g un, ob Däin Objet virum Transport muss ofmontéiert ginn. Wann s Du BENU REUSE mat dem Demontage beoptrage wëlls, muss Du am Virfeld déi entspriechend Optioun uwielen. Mir froen dech 60 € pro Aarbechtsstonn mat 2 Persounen. Natierlech kanns Du den Ofbau awer och selwer iwwerhuelen an Dir dës Käschte spueren. Du kanns wichteg Informatiounen iwwer d'Virbereedung fir den Transport hei fannen.

Sichs Du no engem spezifeschen Artikel? Wiel déi passend Kategorie ënnert der "Ech sichen"-Funktioun eraus. Hei kanns Du kucken, wat grad an dëser Kategorie ugebuede gëtt. Du kanns och no bestëmmte Begrëffer sichen, andeems Du se am Feld "direkt Sich" (Lupp) agëss. Wann s Du deen Artikel fonnt hues, deen s Du sichs, kanns Du dësen direkt online bestellen.


Ass Däi Wonsch-Artikel nach net ugebuede ginn? Da kanns Du eng Sichannonce op BENU REUSE verëffentlechen. Publizéier Deng Sichannonce mat dem Knäppchen "Ech publizéieren eng Sichannonce". Esoubal en/eng Ubidder:in eis kontaktéiert, soe mir Dir Bescheed.

Fir dass Deng Sichannonce Erfolleg huet, brauche mir nach verschidden Informatioune vun Dir:


Sprooch
D'Websäit kann a véier Sproochen - op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch - besicht ginn. All Schlësselwierder, esou ewéi och d'Kategorien (z.B Miwwelen, Baumaterial) an d'Ënnerkategorien (z.B Fënsteren, Wunnzëmmer) sinn an deene véier Sproochen op der Websäit disponibel. Wiel w.e.g. eng vun dëse Sproochen eraus, fir Deng Annonce fir een Don ze beschreiwen. Wa méiglech, probéier rechtschreiflech Feeler a komplizéiert Ausdréck ze vermeiden, fir dass Deng Annonce méi einfach ka fonnt ginn.


Kategorie
Wiel w.e.g. d'Kategorie an eng Ënnerkategorie eraus, an där s Du Däin Element wëlls sichen. D'Krittären, déi een Objet erfëlle muss, fir kënne vermëttelt ze ginn, sinn och hei opgelëscht. Kontrolléier w.e.g., op Deng Sichannonce dëse Krittären entsprécht.


Titel

Gëff eis mat dem Titel eng kuerz, präzis Beschreiwung vum Artikel, dee s Du sichs. E gutt formuléierten Titel mécht et méi einfach, dëse per Sichfunktioun ze fannen. Et ass hëllefräich, eng einfach a spezifesch Formuléierung ze gebrauchen, ewéi zum Beispill "Kleederschaf aus Massiv-Holz" amplaz "Kleederschaf".


Heefegkeet

Brauchs Du dee gesichten Artikel méi ewéi eemol, reegelméisseg oder iwwer eng méi laang Zäit? Gëff eis méi detailléiert Informatiounen, fir dass mir Deng Annonce op BENU REUSE iwwer deen néidegen Zäitraum presentéiere kënnen.


Fotoen

Wann s Du Fotoen oder Zeechnungen hues, déi Dengem Wonsch-Artikel entspriechen oder dësem änlech sinn, da kanns Du dës bei Deng Sichannonce derbäi maachen. Am beschte wier ee Bild, op deem een den Objet komplett ka gesinn. Natierlech wier et awer och vu Virdeel, wann een op weidere Biller eventuell Detailer oder och eng aner Perspektiv kéint gesinn. Kontrolléier, ob d'Fotoen an enger gudder Qualitéit sinn; dee gesichten Objet soll däitlech ze erkenne sinn.


Detailer

Beschreif dee gesichten Artikel esou präzis ewéi méiglech. Ofhängeg vun der gewielter Kategorie gëss Du och verschidden Informatioune gefrot, zum Beispill iwwer déi gewënschten Dimensiounen, Faarwen, Materialien an d'Aart a Weis, wéi dee gesichten Artikel gebraucht soll ginn. Wat s Du méi präzis beschreifs, wat Dir wichteg ass, wat Deng Chancë besser sinn, fir dat Element och ze fannen. Probéier esou einfach a verständlech ewéi méiglech ze schreiwen.


Liwweradress

Kontrolléier w.e.g., ob d'Adress, un déi mir den Artikel liwwere sollen, korrekt a komplett ass. Wann et eppes Besonnesches op der Adress ze berécksiichtege gëtt, ewéi zum Beispill eng schmuel Strooss, da so eis Bescheed. Maach Dir keng Suergen - weder Deng Adress, nach Däin Numm ginn un den/d' Ubidder*in oder Drëttpersoune weiderginn.


Liwwerkäschten

Kontrolléier, ob Deng Liwwerkäschte korrekt ugi sinn. D’ Standard-Liwwerkäschte sinn 10 Euro pro geliwwerten Artikel. Als Student:in oder Asbl kritt een eng Remise.

Den direkte Kontakt tëscht Ubidder:innen an intresséierte Persounen ass net virgesinn. Deng perséinlech Donnéeë ginn net vu BENU REUSE un aner Benotzer:inne weiderginn.


Wann s Du Froen zu enger Annonce fir een Don oder enger Sichannonce hues, kanns Du dës mat der anonymmer Chatfunktioun ënnert der Annonce zu all Moment stellen. Mir ginn d'Froen dann un den/d' Ubidder:in, respektiv déi intresséiert Persoun, weider. Esoubal mir eng Äntwert kréien, verëffentleche mir se ënnert dem jeeweilege Pseudonym am Chat.

Nei Annoncë fir een Don sinn op BENU REUSE mam "48h" Logo markéiert. Fir dass jiddereen déi selwecht Chance huet, en neien Artikel ze kréien, sammele mir wärend deenen éischten 48 Stonnen all d'Ufroen.

Den Objet geet un déi Persoun, déi keng oder bis dohi vergläichsweis wéineg Saache vu BENU REUSE krut. Falls an dëse Punkte keen Ënnerscheed tëscht den intresséierte Parteie sollt festzestelle sinn, kritt déi Persoun, déi sech als éischt gemellt huet, den Artikel. Nodeems déi 48 Stonnen ofgelaf sinn, informéiere mir all interesséiert Partei doriwwer, ob si den Objet kritt huet oder net.

Wa keen op eng Annonce fir een Don wärend deenen éischten 48 Stonnen äntwert, gëtt den Artikel un déi éischt interesséiert Partei verginn.

Du kanns Deng Bestellung bannent 5 Deeg, nodeems Deng Bestellung per E-Mail bestätegt gouf, annuléieren. Du kanns dëst an Dengem Kont ënner "Meng Bestellungen" maachen.

Wann s Du Dir sécher bass, dass s Du Deng Bestellung net méi annuléiere wëlls, kanns Du op Däi Widderruffsrecht verzichten. Dëst huet de Virdeel, dass méi séier ka geliwwert ginn, well mir dann nämlech net déi 5 Deeg mussen ofwaarden, ier mir den Artikel ofhuelen a liwwere kënnen. Du kanns déi entspriechend Optioun an Dengem Kont ënner "Meng Bestellungen" erëmfannen.

 

Esoubal eng Persoun eis wéinst Denger Sichannonce kontaktéiert, kriss Du eng Beschreiwung a Fotoe vum ugebuedenen Artikel per E-Mail.

Duerno hues Du 5 Deeg Zäit, fir d'Offer entweder ze akzeptéieren oder ze refuséieren. Schéck eis Deng Äntwert informell per E -Mail. Wa mir kee Feedback no 5 Deeg kréien, gi mir den Artikel erëm fräi an e gëtt nees op der Websäit ugebueden.

BENU REUSE iwwerhëlt den Transport vun de vermëttelten Objeten. Esoubal mir eng intresséiert Persoun fir Däin Artikel fonnt hunn, kontaktéiere mir Dech fir festzehalen, wéini dëse soll ofgeholl ginn. Leider kann dat net éischter gemaach ginn, well BENU REUSE den Objet net an der Tëschenzäit lagere kann.

D'Liwwer-Ekipp kënnt dann, ewéi ausgemaach gouf, Däin Artikel mat der BENU REUSE Camionnette sichen. Fir dass dëst ouni Problem geet, biede mir Dech, am Virfeld dofir ze suergen, dass den Artikel op den Transport virbereet gëtt. Hei fënns du eraus, wourop s Du dobäi solls oppassen.

Mir garantéieren, dass Däin Element „frei Bordsteinkante“ ofgeholl gëtt. D'BENUS REUSE Ekipp wäert sech Méi ginn, den Artikel direkt virun Denger Hausdier ewech ze huelen - fir de Fall, dass dësen einfach kann transportéiert ginn an d'Distanz vun Denger Hausdier bis bei d'Strooss net ze wäit ass.

Dëst ass net de Fall? Et musse schwéier oder onhandlech Objeten ofgeholl ginn? Oder musse se iwwer méi grouss Distanze gedroe ginn, ewéi z.B. vun engem ieweschte Stack bis erof? Da bass Du häerzlech invitéiert, d'BENU REUSE Ekipp mat dësen Aufgaben ze beoptragen. Dëst kascht € 60 pro Aarbechtsstonn mat 2 Persounen. W.e.g. kontaktéier eis fréi genuch, fir dass mir déi néideg Zäit an eiser Organisatioun mat berécksiichtegen!

Eist Liwwer-Ekipp geet Däin Artikel mat der BENU REUSE Camionnette  bei den/d' Ubidder:in sichen a liwwert en Dir direkt an ouni Zwëschelagerung. Mir wäerte selbstverständlech de Zäitpunkt vun der Liwwerung mat Dir am Viraus festleeën.

Mir garantéieren eng Liwwerung "frei Bordsteinkante". D'BENUS REUSE Ekipp wäert sech Méi ginn, den Artikel direkt bis bei Deng Hausdier ze bréngen - fir de Fall, dass dësen einfach kann transportéiert ginn an d'Distanz vun der Strooss bis bei d'Hausdier net ze wäit ass.

Dëst ass net de Fall? Et musse schwéier oder onhandlech Objete geliwwert ginn? Oder musse se iwwer méi grouss Distanze gedroe ginn, z.B. op den ieweschte Stack? Da bass Du häerzlech invitéiert, d'BENU REUSE Ekipp mat dësen Aufgaben ze beoptragen. Dëst kascht € 60 pro Aarbechtsstonn mat 2 Persounen. W.e.g. kontaktéier eis fréi genuch, fir dass mir déi néideg Zäit an eiser Organisatioun mat berécksiichtegen.

Verschidde Saache musse virum Transport ofmontéiert ginn. Du kanns hei erausfannen, wat dat fir dech als intresséiert Persoun bedeit.

Nodeems Deng Bestellung definitiv ass, an déi entspriechend Liwwerkäschte bezuelt sinn, wäerte mir eis beméien, Dir Däin Artikel bannent enger Woch nom Oflaf vun der Kënnegungsfrist ze bréngen.

Wann s Du op Däi Widderruffsrecht verzichts, an eng méi séier Liwwerung ufrees, kann d'Liwwerzäit verkierzt ginn. An dësem Fall musse mir nämlech net ofwaarden, bis déi 5 Deeg vun der Kënnegungsfrist erlaanscht sinn. Esou kënne mir Däin Artikel méi fréi ofhuelen a liwweren. Hei fënns Du méi Informatiounen iwwer d’ Widderruffsrecht.

D'BENU REUSE Ekipp probéiert, déi vermëttelt Saachen esou séier ewéi méiglech sichen ze goen an ze liwweren. Zur selwechter Zäit wëlle mir déi eenzel Liwwerunge sammelen a matenee koordinéieren, esou dass onnéideg Transportweeër kënnen evitéiert ginn. Eist Zil ass et, d'Emissiounen a de Kaméidi vum Transport esou gutt ewéi méiglech ze reduzéieren. Aus dëse Grënn kënnen am Eenzelfall méi laang Liwwerzäiten optrieden.

Verschidden Objeten, ewéi Regaler oder Schief, musse fir den Transport ofmontéiert ginn. Fir dass déi intresséiert Persoun deen demontéierten Artikel nees zesummesetze kann, ass et wichteg, dass dësen am Virfeld virsiichteg ofgebaut a virum Ofhuele fir den Transport virbereet gëtt.

Als Ubidder:in solls Du w.e.g. déi eenzel Deeler sortéieren a präzis markéieren. Du kanns méi kleng Deeler, ewéi zum Beispill Schrauwen a Stecker, a kleng Tuten oder Këschte paken. Du solls och eng Beschreiwung fir den Opbau matginn. Wann déi original Beschreiwung net méi existéiert, kanns Du och eng separat Erklärung mat Fotoe matginn. Dat wichtegst ass, dass d'Instruktiounen einfach ze verstoe sinn.

Du wëlls Däin Artikel net selwer ofmontéieren, oder brauchs Hëllef beim Opbauen?
 Da kanns Du dës Aufgab gären u BENU REUSE weiderginn. Fir dëst ze maachen, muss Du déi entspriechend Optioun uwielen, wann s Du Deng Annonce fir en Don oder Deng Bestellung méchs. Dat kascht 60 € pro Aarbechtsstonn mat 2 Persounen. W.e.g. kontaktéier eis fréi genuch, fir dass mir déi zousätzlech Zäit an eiser Organisatioun berécksiichtege kënnen!

All Artikel gëtt gratis an ouni Géigeleeschtung vermëttelt.

D'BENU REUSE Ekipp geet déi ugebuede Saache gratis ofhuelen. Als intresséiert Persoun bezils Du BENU REUSE 10 Euro pro geliwwerten Artikel. Domat decke mir en Deel vun eise Käschte fir Logistik an Transport. Wann s Du Student:in bass, bezills Du nëmme 5 Euro pro Liwwerung. Als ASBL musse keng Liwwerkäschte bezuelt ginn.

Brauchs Du Hëllef beim (De-)Montage vu Miwwelen? Musse schwéier oder onhandlech Objeten iwwer eng gréisser Distanz transportéiert ginn, z.B op een ieweschte Stack? Da kanns Du BENU REUSE mat dësen Aufgabe beoptragen. Mir verrechnen Dir 60 € pro Aarbechtsstonn mat 2 Persounen.
 

Objeten, déi s Du eemol ugeholl hues, kanns Du net zeréckginn - weder u BENU REUSE, nach un den/d'Ubidder:in.

Wann s Du d'Saache spéider net méi brauchs, biede mir Dech, wa méiglech dofir ze suergen, dass dës op anerem Wee nach eng Kéier gebraucht kënne ginn. Artikelen, déi nach an engem gudden Zoustand sinn, kënnen natierlech och eng zweete Kéier iwwer BENU REUSE ugebuede ginn. En Objet, deen net méi funktionéiert, ka vläicht gefléckt an duerno erëm benotzt ginn? Nëtzlech Adressen zu dësem Thema fënns Du ënner REUSE Service.

Wann eng Reparatur oder e Weidergebrauch net méi méiglech ass, bleift just d'Méiglechkeet, den Artikel iwwer de Recyclingszenter fachgerecht ze entsuergen.

Wann s Du fundéiert Informatiounen an Etüden (z.B iwwer Nohaltegkeetskrittären) hues, da maach mat a gëff en aktive Member vun der BENU REUSE Gemeinschaft. Schéck eis Deng Informatiounen, fir dass mir kënnen driwwer diskutéieren, wéi mir déi aktuell Exklusiounskrittären an Hannergrondinformatioune sënnvoll kënnen aktualiséieren an/oder completéieren. Jiddereen, dee bei BENU REUSE deelhëlt, huet d'Méiglechkeet, ee BENU REUSE Badge ze kréien.

<span>BENU REUSE </span> Kritären

BENU REUSE Kritären

Net all, awer ganz vill, gebrauchte Saache kënne weiderginn oder iwwer BENU REUSE gesicht ginn. Hei kanns du erausfanne wéi eng Saache weidergi ginn a wéi eng aus der Vermëttlung ausgeschloss sinn.

Ech wëll méi wëssen
<span>REUSE</span> Service

REUSE Service

Vill maache mat! Hei fënns du Organisatiounen, Initiativen a Firmen déi eng grouss Varietéit u gebrauchte Saachen akzeptéieren, weiderginn, reparéieren oder vermëttelen. Looss dech iwwerraschen!

Ech wëll méi wëssen

Hues du nach Froen?

Da kontaktéier eis!

Ech kontaktéieren de BENU REUSE

All d'Informatiounen

iwwer BENU REUSE