Schuedstoffer
Wat s Du iwwer schiedlech Substanze wësse muss
Asbest
"Asbest" ass e Sammelbegrëff fir natierlech, faseraarteg Mineralstoffer. Dës si chemesch ganz resistent, onempfindlech vis-à-vis vun Hëtzt an hunn eng immens Elastizitéit a Kraaft. Wéinst dëse prakteschen, strukturellen Eegenschafte gouf Asbest als Baumaterial oder Zousaz fir vill Produite wärend Joerzéngte benotzt. Et gëtt ugeholl, dass an op d'mannst 3.000 Produiten Asbest verschafft ginn ass.
Wann Asbestmaterial sech zersetzt, ginn Asbestfasere fräigesat, déi sech splécken an doduerch ëmmer méi kleng ginn (400 bis 500 Mol méi kleng wéi ee mënschlecht Hoer). Wann Asbestfasere wärend de Bau- an Demoléierungsaarbechte fräigesat ginn, kënnen se inhaléiert ginn a sérieux Gesondheetsprobleemer verursaachen. Inhaléiert Fasere kënne laang an de Longe bleiwen, den Tissu irritéieren an eng Asbestose ("Asbestlong"), Longekriibs oder Mesothelioom (Tumeur an der Long oder Peritoneum) verursaachen.
Wéinst de Gesondheetsrisiken huet d'Europäesch Unioun d'Benotzung vum Asbest am Joer 1999 mat der Direktiv 1999/77/EC komplett verbueden. Dës Richtlinn enthält eng Iwwergangsreguléierung bis 2005, och wa vill Länner d'Asbestverbuet virum Joer 2005 schonn ëmgesat haten (z.B. Däitschland 1993, Frankräich 1997). Zu Lëtzebuerg gëtt et zanter 2001 en allgemengt Verbuet fir Asbest ze verkafen.
Trotz dësem EU-wäite Verbuet kann ugeholl ginn, dass Asbest nach ëmmer a Gebaier present ass. Wéinst der laanger Liewensdauer vu Baumaterial ass d'Warscheinlechkeet héich, dass fir de Bau vun Haiser, déi virun 20 oder 25 Joer gebaut goufen, asbesthaltegt Baumaterial an den Asaz koum.
Asbest kann op ville Plazen am Haus fonnt ginn, zum Beispill an:
- Diecher, z.B. a Leeën (ausser richtegem Schifer), Daachplacken, gewellte Placken, Daachpappen, Dichtungs- a Schweessbunnen
- Isolatioun
- Fassadverkleedung aus Panelen, Fassadendämmung
- Dréchebauwänn
- Brüstungselementer
- Fënsterbänken, Fënsterkitt, Fouen a Fënsterverbindungen
- Pech
- Buedembedeckungen ("Cushion-Vinyl", Multi-Layer Decken a "Floor Flex" Placken)
- Thermesch elektresch Apparater
Dës Lëscht entsprécht net dem Usproch, komplett ze sinn!
De Risiko besteet, dass Asbest wärend Bauaarbechte fräigelooss gëtt. Du solls dofir ëmmer op eng professionell Berodung virun all Reparatur, Demontage oder Renovatiounsaarbecht zeréckgräifen! Asbest-Ofbauaarbechte däerfen nëmme vun ausgebilte Persoune gemaach a mussen geneemegt ginn.
Hei fënns Du méi Informatiounen iwwer den Asbestprobleem :
- Bayerisches Landesamt für Umwelt
- Umweltbundesamt
- IBGE Institut bruxellois pour la gestion de l’environnement
Brandschutzmëttel
De Begrëff Brandschutzmëttel definéiert eng grouss Unzuel un organeschen an anorganesche Chemikalien. Hir Notzung ass op dat spezifescht Produkt, seng Materialkompositioun an de spezifeschen Asaz ugepasst. Déi organesch Brandschutzmëttel bestinn haaptsächlech aus broméierte Verbindungen, halogenhaltegen oder halogenfräien Organophosphorverbindungen oder chloréierten Paraffinen. Anorganesch Brandschutzmëttel sinn haaptsächlech Aluminiumtrihydroxid, Magnesiumdihydroxid oder Antimontrioxid (als Synergist vu broméiertem FSM).
Brandschutzmëttel ginn ënnert anerem verschafft, fir dass Schaumstoffer a Baumaterial, Sëtzmiwwelen, Matrassen oder Autoen, esou ewéi Teppecher, elektresch Kabelen an den Haiser, Computeren oder Fernseeën net ze séier brennen.
Vun de positiven Eegenschafte vum Brandschutz ofgesinn, si vill Brandschutzmëttel geféierlech fir d'Ëmwelt an d'Gesondheet. E puer halogenéiert Brandschutzmëttel si geféierlech fir d'Gesondheet an d'Ëmwelt, hunn eng héich Persistenz an setze sech an der Natur of. Laut dem Verbraucherzentrum Däitschland kënnen sech d'Substanzen aus de Produite léisen a sech um Hausstëbs an an an der Loft an engem Raum ofsetzen. Aner Brandschutzmëttel kënnen de mënschlechen Nervesystem beschiedegen, Infertilitéit oder eng Kriibserkrankung begënschtegen. D'Bezeechnung "FR" fir "Flame retardant" weist, dass de Produit Brandschutzmëttel enthält. Elektronesch Apparater mam Blauer Engel Eko-Label däerfen zum Beispill keng halogenéiert Brandschutzmëttel enthalen. Et ass also wichteg, beim Akaf nozefroen, ob oder wéi ee Brandschutzmëttel an der Matratss oder dem Miwwelstéck dran ass.
Et ginn elo Restriktioune fir verschidde Brandschutzmëttel, z.B. fir Hexabromocyclododecan (HBCD), dee fir eng laang Zäit dee wirtschaftlech wichtegste Brandhemmer fir Polystyrolisolatiounsmaterial war. Dëse Produit ass zanter dem Fréijoer 2016 fir den Handel an d'Benotzung an der EU verbueden. Hei fënns Du méi Informatiounen doriwwer.
D'Konventioun vu Stockholm verbitt broméiert Brandschutzmëttel (BFR) weltwäit. An awer gëtt et eng Ausnam hei an der Europäescher Unioun: Dem BUND no däerfen nei Produiten an der EU, ewéi z.B. Spillsaachen oder Toilettenartikelen, déi Plastikskomponenten aus elektroneschem Schrott enthalen, bis zu 1.000 ppm vum hormonschiedleche Brandschutzmëttel PBDE (polybroméiert Diphenylether) enthalen. Dat ass 100 Mol méi wéi dat, wat fir Produkter aus neie Materialien erlaabt ass.
PAK (polyzyklesch aromatesch Kuelewaasserstoffer)
Polyzyklesch aromatesch Kuelewaasserstoffer gi wärend de Verbrennungsprozesser vun organesche Materialien (Holz, Kuel an Ueleg), an als sougenannte "Schlack" wärend der Kokung vu Kuel an der Verfeinerung vu Pëtrol gebilt. PAK kommen a méi klengem Mooss als natierleche Bestanddeel vum Pëtrol oder dem natierleche Goudron vir. PAK ginn och am Laf vun natierleche Prozesser, ewéi zum Beispill Vulkanausbréch a Bëschbränn, gebilt.
De Begrëff PAK deckt eng Grupp vu verschiddene Chemikalië mat änlecher Struktur an änlechen Effekter of. Dëst si fir d'Gesondheet geféierlech Substanzen, déi kriibserreegend, mutagen (verursaacht Ännerungen am Ierfgutt) oder gëfteg kënne sinn. De Gebrauch vu PAK an Indoor-Beräicher (z.B. am Pech vum Parquet) kann negativ Auswierkungen op d'Loft hunn. Vill kriibserreegend Zorte PAK, déi a Kontakt mat der Haut an der Schläimhaut kéinte kommen, goufen elo verbueden. Et gëtt eng Restriktioun uechter d'EU mat verschiddene Grenzwäerter fir verschidde Produktgruppen.
Déi polyzyklesch aromatesch Kuelewaasserstoffer ginn haaptsächlech an der Loft fonnt, well se sech u Buedem- oder Stëbspartikele bannen an doduerch an d'Atmosphär kommen. Si kënnen awer och am Baumaterial oder an Holzkonservéierungsmëttel fonnt ginn. Fir eng laang Zäit gouf Goudron mat PAK net nëmmen als Stroossenuewerfläch, mee och zum Beispill fir Goudronspabeier benotzt. A ville Fäll gi PAK och am Gummi der Plastik als Weichmacher benotzt. Och a Liewensmëttel an a Luxuswueren - ewéi zum Beispill geréischtert a gegrillte Platen, Kakao, Schockela an Tubaksdamp - kënnen domat belaascht sinn.
Strukturell muss een den Ënnerscheed maachen tëscht Goudronsproduiten (héije PAK Gehalt, aus Brong- oder Stängkuel) a Bitume-Produiten (nidderege PAK Gehalt; aus Mineralueleg). Optesch ass et net méiglech, den Ënenrscheed ze gesinn. An der Bauindustrie goufe Goudronsprodukter, déi e besonnesch héije PAK Gehalt hunn, haaptsächlech an de 1950er bis 1970er Jore benotzt. PAK gouf awer och a Gebaier, déi virum Krich gebaut gi sinn, benotzt. An eelere Gebaier ass d'Presenz vu Baumaterial mat PAK dofir net onwarscheinlech.
Dës PAK-Produiten goufen dacks a Gebaier verbaut:
- Daachpappen, Dichtungen a Schweessbunnen
- Pech, Fouen
- Pech mat Goudron ënnert Holzparquet an Hirnholzpflaster („Stöckelpflaster“)
- Gussgoudron, goudrons Foussplacken
- "Schwaarz Beschichtungen": Léisungen an Emulsiounen fir de Schutz vum Gebai
- "Goudronskork": goudronsverpecht Korkgranulatplacken a -rouerschuelen
- Goudrons Ueleger als Holzschutzmëttel (Carbolineum)
- Schwaarz Matten
Dës Lëscht entsprécht net dem Usproch, komplett ze sinn!
Wann s Du de Verdacht hues, dass Baumaterial mat PAK verschafft gouf, rode mir Dir, op eng professionell Berodung ze vertrauen! Hei fënns Du méi Informatiounen iwwer PAK (polyzyklesch aromatesch Kuelewaasserstoffer):
PCB (polychloréiert Biphenyl)
Polychloréiert Biphenyler si syntheetesch produzéiert Substanzmëschunge mat 209 individuelle Substanzen, deenen hir technesch Eegenschaften an d'Ëmweltrelevanz variéieren. PCB si persistent, d.h. si sammelen sech am Organismus an an der Ëmwelt un. PCB sinn elo iwwerall an der Ëmwelt, a ginn all Dag a klenge Quantitéite mam Iessen opgeholl. PCB si gëfteg a stinn am Verdacht, kriibserreegend ze sinn. De Gebrauch vu PCB ass zanter 2004 an Europa verbueden.
PCB goufen haaptsächlech als Weichmacher (z.B. a Fouen), Brandschutzmëttel (a Weichmacher), an de Faarwen, am Lack an als isoléierenden Ueleg an der elektrescher Industrie (z.B. Transformator Ueleger, Kondensatoren) benotzt. An den Haiser ass Fouematerial déi heefegst Quell un PCBen. Laut dem Schwäizer Bundesamt fir Ëffentlech Gesondheet BAG fannen sech a ronn der Halschent vun alle betons-Héichhaiser, déi tëscht 1955 an 1975 mat der Skelett- an Elementkonstruktiounsmethod gebaut goufen, PCB-halteg Gelenkversigelungsverbindungen. Besonnesch Fouen, déi am Kontakt mat de Banneraim stinn, suergen dofir, dass polychloréiert Biphenyler d'Loft vun deene Raim belaaschten.
A Gebaier kënne PCBer och an dëse Formen oder Produite fonnt ginn:
- Faarwen a Lacker op mineraleschem Material, Holz, Spanplacken ("Wilhelmi" Placken), Metaller
- Botz aus faarwege Stäng
- Verguss- a Spachtelmassen
- Buedembelagspech
- Kleng Kondensatoren
- Virgeräter vu Luute mat (Neon-) Tuben
- Blindstroumkompensatiounsanlagen
Dës Lëscht entsprécht net dem Usproch, komplett ze sinn!
Wann de Verdacht op Baumaterial mat PCBe besteet, rode mir Dir, op eng professionell Berodung ze vertrauen! Renovéierungs- a Sanéierungsaarbechten u Fouen, déi PCB enthalen, musse vu spezielle Firmen ausgefouert ginn. Falsch ausgefouert Aarbechte kënnen d'Handwierker:innen, zukünfteg Résidenten an d'Ëmwelt a Gefor bréngen.
Weider Informatiounen iwwer PCB (polychloréiert Biphenylen) fënns Du hei:

BENU REUSE Kritären
Net all, awer ganz vill, gebrauchte Saache kënne weiderginn oder iwwer BENU REUSE gesicht ginn. Hei kanns du erausfanne wéi eng Saache weidergi ginn a wéi eng aus der Vermëttlung ausgeschloss sinn.
Ech wëll méi wëssen
REUSE Service
Vill maache mat! Hei fënns du Organisatiounen, Initiativen a Firmen déi eng grouss Varietéit u gebrauchte Saachen akzeptéieren, weiderginn, reparéieren oder vermëttelen. Looss dech iwwerraschen!
Ech wëll méi wëssen